Robert Tix

Vu Wikipedia
Robert Tix
Gebuer 17. September 1921
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 12. September 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Mouvement indépendant populaire

De Robert Tix, gebuer de 17. September 1921 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 12. September 1994, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten a Politiker (MIP). Vu Beruff war hie Rouerschlässer op der ARBED.[2]

Nom Doud vum Edmond Chlecq ass hien den 10. Januar 1968 an d'Chamber nogeréckelt wou hie säi Mandat bis den 31. Dezember 1968 erfëllt huet.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Robert Tix op ons-jongen-a-meedercher
  2. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S.530.
  3. Noruff op de Robert Tix an der 2. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1994-95 de 25. Oktober 1994