Rolf Tarrach

Vu Wikipedia
Rolf Tarrach
Gebuer 24. Februar 1948
Valencia
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Universitéit vu Barcelona
Aktivitéit theoreetesche Physiker, Universitéitsprofesser, Physiker
Partei Volt Europa

De Rolf Tarrach, gebuer de 24. Februar 1948 zu Valencia, ass e spuenesche Physiker mat däitschen Originnen.

Hie war vum 1. Januar 2005 bis den 31. Dezember 2014 Rekter vun der Université du Luxembourg[1]. Säin Nofollger ass de Rainer Klump, de Virgänger war de François Tavenas.

Vum 1. Juli 2015 un, ass hie President vun der European University Association (EUA)[2], den Daachverband vun iwwer 850 europäeschen Universitéiten aus 47 Staaten dee 17 Millioune Studente vertrëtt. Hie gëtt de Nofollger vun der Portugisin Maria Helena Nazaré.

De Rolf Tarrach war de Spëtzekandidat vu Volt fir d'Europawalen de 26. Mee 2019[3].

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Uni Luxemburg: Rainer Klump wird neuer Rektor op wort.lu vum 4. Mäerz 2014
  2. Neuer Posten für Rolf Tarrach op wort.lu vum 16. Abrëll 2015
  3. Auf die Plätze, fertig, los am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 2019, S. 2
  4. Nationalfeierdag: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie op rtl.lu