Rosso Fiorentino

Vu Wikipedia
Rosso Fiorentino
Gebuer 8. Mäerz 1494 jul.
Florenz
Gestuerwen 14. November 1540 jul.
Paräis
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Moler, Graveur, Zeechner
De Moses verdeedegt dem Jethro seng Duechteren (1523) an den Uffizien, zu Florenz.

De Rosso Fiorentino, gebuer den 8. Mäerz 1495 zu Florenz a gestuerwen de 14. November 1540 zu Paräis, mam richtegen Numm Giovan Battista di Jacopo di Gasparre (säi Spëtznumm "Roude Florentiner" hat hie wéinst senge rouden Hoer), war en italieenesche Moler vun der Stilrichtung vum Manierismus.

Hien huet zu Florenz, zu Arezzo a vu 1523 bis 1527 zu Roum geschafft. Do gouf hie staark vum Michelangelo beaflosst. Nom Sacco di Roma huet hie bal alles verluer a goung doropshin an Norditalien, ë. a. op Citta di Castello, Perugia, Sansepolcro, Arezzo a Venedeg.

1530 huet de François I. en op Fontainebleau op säin Haff invitéiert, wou e bis zu sengem Doud Haffmoler war. Am Schlass vu Fontainebleau, dat grad fäerdeg gebaut gi war, huet hien eng jett Dekoratioune gemoolt, absënns déi sougenannt Galerie.

Zesumme mam Francesco Primaticcio zielt de Rosso als Grënner vun der École de Fontainebleau.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985, V. Plagemann, Rosso Fiorentino, in: Kindlers Malerei Lexikon, Bd. 10
  • 1994, David Franklin, Rosso in Italy: the Italian career of Rosso Fiorentino, New Haven [u.a.]: Yale Univ. Press, 1994
  • 2004, Giorgo Vasari, Das Leben des Rosso Fiorentino. Edition Giorgio Vasari Band 6. In der neuen Übersetzung von Victoria Lorini. Hrsg. von Alessandro Nova. Bearb. von Sabine Feser. 96 Seiten mit vielen z.T. farbigen Abb. Berlin: Verlag Klaus Wagenbach, ISBN 978-3-8031-5025-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosso Fiorentino – Biller, Videoen oder Audiodateien