Rudolf Diesel

Vu Wikipedia
Rudolf Diesel
Gebuertsnumm Rudolf Christian Karl Diesel
Gebuer 18. Mäerz 1858
Paräis
Gestuerwen 30. September 1913
Äermelkanal
Doudesursaach Erdrénken
Educatioun Technesch Universitéit München,
Universitéit vu München
Aktivitéit Erfinder, Entreprener, Ingenieur, Esperantist

De Rudolf Christian Karl Diesel gebuer den 18. Mäerz 1858 zu Paräis a gestuerwen den 29. September 1913 erdronk am Äermelkanal war en däitschen Ingenieur an Erfinder.

No engem Studium am Maschinnebau gouf de Rudolf Diesel e Mataarbechter vum Carl von Linde an huet sech mat dem Bau vu Wärmekraaftmaschinnen ofginn.

1893 gëtt an der Maschinnefabrik Augsburg mat finanzieller Bedeelegung vun der Firma Friedrich Krupp un der Entwécklung vun engem Dieselmotor geschafft. 1897 geléngt et dem Rudolf Diesel, deen deemools och bei der Firma MAN AG zu Augsburg geschafft huet, deen éischte Modell vun deem Motor ze bauen, deen och ouni gréisser Problemer leeft. OP déi Manéier konnte bëllegen Ueleg mat gerengem Verbrauch benotzt ginn.

Duerch Patentprozesser war de Rudolf Diesel a senger Aarbecht staark behënnert a konnt eréischt 1908 d'Weiderentwécklung vu sengem Motor virundreiwen, soudatt si a Camionen a Lokomotiven gebraucht konnte ginn.

Iwwer den Doud vum Rudolf Diesel ass net vill bekannt. En ass fir d'lescht u Bord vum Dampschëff Dresden gesi ginn, mat deem e vun Antwerpen op London fuere wollt fir do un enger Reunioun vun der Consolidated Diesel Manufacturing Ltd. deelzehuelen. En ass awer ni do ukomm. Spéider solle Fëscher zwee Réng bei enger gutt gekleeter Waasserläich fonnt hunn, déi allerdéngs wéinst engem Stuerm ne konnt gebuerge ginn. Et gëtt gesot, datt déi Réng dem Rudolf Diesel gehéiert hunn. Déi genee Doudesëmstänn konnten ni gekläert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rudolf Diesel – Biller, Videoen oder Audiodateien