Ruebisbaach
Ausgesinn
D'Ruebisbaach ass eng kleng lëtzebuergesch Baach an der Ärenzdallgemeng. Si entsteet aus dem Zesummelaf um Flouer Weisendréisch, vun zwéi Grief déi hir Quelle riets a lénks vun enger Nock mat dem Numm Kiselshéicht op enger Héicht vun 305 respektiv 320 Meter am Weste vun Iermsdref hunn.
Se leeft vun do aus déi ganzen Zäit no Osten, fir no ronn 1.400 Meter am Süde vun Iermsdref an d'Wäiss Iernz ze lafen.