Ruisseau de Remy

Vu Wikipedia

De Ruisseau de Remy ass eng Baach an der Belsch um Territoire vun der Gemeng Florenvillle an der Provënz Lëtzebuerg.

D'Baach huet hir Quellen am Bois de Remy westlech vum Lieu-dit Maljoui tëscht der N83 an der N884, op enger Héicht vu ronn 320 Meter.

Se leeft vun do aus no Westen. Bei der Steekaul vu Muno kënnt vu riets de Ruisseau du Gué du Roi dragelaf. duerno leeft se duerch d'Uertschaft Muno, wou se mat dem Ruisseau des Cailloux zesummeleeft. Kuerz duerno kënnt nach vu lénks de Ruisseau de Tourgeon dobäi, an zesumme bilde se dann de Ruisseau du Tremble.