Ruisseau du Gué du Roi

Vu Wikipedia

De Ruisseau du Gué du Roi ass eng Baach an der Belsch, an der Gemeng Florenville, Provënz Lëtzebuerg.

D'Quell vun der Baach ass an der Forêt de Muno eng ronn 400 Meter südlech vum PK 50 vun der N83, tëscht de Lieu-dite La Maison Blanche a Ferme des Blancs Sarts, op enger Héicht vu 400 Meter.

Vun der Quell un leeft d'Baach duerch eng Griecht no Süde laanscht La Roche à l'Appel an duerch d'Réserve naturelle de Muno, bis bei d'Steekaul vu Muno, fir do op enger Héicht vun 260 Meter an de Ruisseau de Remy ze lafen.