Ryūichi Sakamoto

Vu Wikipedia
Ryūichi Sakamoto
Gebuer 17. Januar 1952
Gestuerwen 28. Mäerz 2023
Tokio
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Schauspiller, Komponist, Museksproduzent, Arrangeur, Pianist, Keyboarder, Filmkomponist, Universitéitsprofesser, Discographesche Kënschtler, Dirigent

De Ryūichi Sakamoto (Japanesch: 坂本 龍一), gebuer de 17. Januar 1952 zu Tokio a gestuerwen den 28. Mäerz 2023, war e japanesche Komponist, Plackeproduzent a Schauspiller, deen an enger diverser Gamm vu Stiler als Solo-Kënschtler an als Member vum Yellow Magic Orchestra (YMO) kreativ geschafft huet. Mat senge Bandkollegen Haruomi Hosono a Yukihiro Takahashi war de Sakamoto Pionéier an enger Rei vun elektronesche Museksgenren an hat e wichtegen Afloss op dës.

De Sakamoto huet seng Carrière an den 1970er Joren als Sessiounsmuseker, Produzent an Arrangeur ugefaang, wärend hien nach op der Universitéit war. Säin éischte grousse Succès koum 1978 als Matgrënner vum YMO. Gläichzäiteg huet hien eng Solocarrière verfollegt, an dat selwecht Joer den experimentellen elektronesche Fusion-Album Thousand Knives erausbruecht. Zwee Joer drop huet hien den Album B-2 Unit publizéiert. Op deem ass d'Stéck "Riot in Lagos", dat an der Entwécklung vun der Elektro- an Hip-Hopmusek eng wichteg Roll spillt. Hien huet weider Solo-Placke produzéiert a mat villen internationale Kënschtler zesummegeschafft, dorënner den David Sylvian, Carsten Nicolai, Youssou N'Dour a Fennesz. De Sakamoto huet och d'Musek fir d'Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Barcelona 1992 komponéiert, a seng Kompositioun "Energy Flow" (1999) war déi éischt instrumental Nummer 1 Single an der Geschicht vun de japaneschen Oricon Charts.

Als Filmmusekkomponist huet de Sakamoto en Oscar, e BAFTA, e Grammy an zwéi Golden Globe Awards gewonnen. Merry Christmas, Mr. Lawrence (1983) huet säin Debut souwuel als Schauspiller wéi och als Filmmusekkomponist markéiert; d'Haaptthema dovu gouf als Single "Forbidden Colours" erausbruecht, déi en internationalen Hit gouf. Seng erfollegräichst Aarbecht als Filmkomponist war The Last Emperor (1987), aner bekannt Filmer, wou hien d'Musek geschriwwen huet, sinn The Sheltering Sky (1990), Little Buddha (1993), a The Revenant (2015). Heiansdo huet de Sakamoto och als Komponist an Zeenarist vun Anime a vu Videospiller geschafft. 2009 gouf hie mam Ordre des Arts et des Lettres vum franséische Kulturminister fir seng Bäiträg zur Musek ausgezeechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ryūichi Sakamoto – Biller, Videoen oder Audiodateien