SNCV Type 15

Vu Wikipedia
Lokomotiv Type 15 am Tramsmusée zu Léck, eng vun de wéinegen Normalspuerlokomotive vun der SNCV

D'SNCV Type 15 ass eng belsch Damplokomotiv déi fir d'Société nationale des chemins de fer vicinaux gebaut gouf.

D'Lokomotiv um Bild ass aus enger Serie vu 4 Lokomotiven déi vun den Ateliere Saint-Léonard vu Léck gebaut goufen. Déi Lokomotiven haten eng Normalspuer a sinn an industriellen Explotatiounen an der Provënz Limburg an an der Provënz Antwerpen gelaf, z. B. an de Sandgrouwe vu Mol oder op der Industriestreck vu Merksem.

D'Typpebezeechnung kënnt wéi bei villen Typpen déi op Vizinalstrecke gelaf sinn, vum Gewiicht hier, dat heescht datt déi Lokomotiv sou ëm déi 15 Tonne gewien huet.

D'Lokomotiv um Bild gouf 1904 gebaut. Et war eng Tenderlokomotiv (Achseformel B) mat enger Kabinn fir de Machiniste an den Heizer. D'Rieder ware baussent dem Chassis montéiert, se hat eng Walschaerts-Dampsteierung, an d'Feierbécks war e Belpaire-Kessel.