STARSEM

Vu Wikipedia

Déi 1996 gegrënnt europäesch-russesch Firma Starsem vermaart kommerziell Satellittestarte mat der russescher Drorakéit Sojus vun der Weltraumgare zu Baikonur.

U Starsem sinn déi franséisch dominant Entreprisen Arianespace (15 %), EADS Astrium Space Transportation (35 %), déi Russesch Raumfaartagentur Roskosmos (25 %) an de Fabrikant vun der Rakéit, TsSKB Progress (25 %), bedeelegt.

1999 hat Starsem ënner anerem 24 Globalstar-Satellitten an de Weltraum geschéckt, wat engem Ëmsaz vun enger Milliard franséischer Frang (ronn 152.449.000 €) gläichkoum.

De Sëtz vun der Firma ass zu Évry bei Paräis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]