Saint-Louis-lès-Bitche

Vu Wikipedia

Saint-Louis-lès-Bitche (op Däitsch: Münzthal) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est, am Departement Moselle. 1999 hunn do 634 Awunner (Ludovicien(ne)s op Franséisch) gelieft.

Vue op d'Kristallmanufaktur vun 1836.

D'Duerf läit am Parc naturel régional des Vosges du Nord, an ass virun allem bekannt fir seng Kristallsglasmanufaktur.

Géographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf läit op der Baach, déi och Saint-Louis-lès-Bitche heescht, an ass mat der Kristallsglas-Manufaktur an enger nei geschaafter Lichtung opgebaut ginn.

1767, hunn zwéin Affekoten, de René-François Jolly an de Pierre-Étienne Ollivier, d'Autorisatioun vum Louis XV. kritt, eng al Galsbléiserei, déi et virdrun do gouf, nees opzeriichten. Se krut den Titel verrerie royale a gouf nom Louis IX. genannt. No an no sinn eng Kapell, Wunnenge fir d'Meeschtern an d'Aarbechter, Bauerenhäff, eng Millen, eng Schräinerei an eng Blechschléierei bäikomm.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D' Kierch Saint-Louis-lès-Bitche, am rosae Sandsteen aus den Nord-Vogesen aus dem Joer 1897, mat de Sue vun der Famill Coëtlosquet, déi d'Direktioun vun der Manufaktur hat.
  • D'Kristallsglasmanufaktur aus dem Joer 1586.
  • D'Gebai wou d'Direktere vun der Manufaktur dra wunnen, aus dem 19. Joerhonnert.
  • E puer bemierkenswäert Eechen.
  • D'Mille vum Münzthal.

Kuckt och[Quelltext änneren]