Saint-Loup-sur-Semouse

Vu Wikipedia
Saint-Loup-sur-Semouse
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Haute-Saône
Arrondissement Lure
Kanton Saint-Loup-sur-Semouse
Postcode 70800
Gemengecode 70467
Koordinaten 47° 53’ 08’’ N
      06° 16’ 27’’ O
Fläch  1.654 ha
Bevëlkerung  3 263 (2014)

Saint-Loup-sur-Semouse ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté am Dall vun der Semouse an der Augronne.

D'Gemeng ass besonnesch vun industriellen Akktivitéiten zanter dem 17. Joerhonnert markéiert. Et waren deemools haaptsächlech Gierwereien, Neelfabrécken, a Wiewereien déi sech do etabléiert haten. Am 19. Joerhonnert koume Schongfabrécken, Atelieren déi Stréihitt gemaach hunn a Broderien derbäi.

1860 gouf se Cité du meuble wéi sech do Stullfabrikanten ënner dem Numm Usines réunies installéiert hunn, déi duerno och Sällercher, Schlofkummeren an Iesszëmmere produzéiert hunn. Déi Firma huet 2012 de Betrib zougemaach. Haut gëtt et nach just eng Konschtschräinerei an der Gemeng.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Bouly-Schlass vu 1775, och Malliard-Schlass genannt ass als historescht Monument klasséiert.
  • D'Bréck aus dem 18. Joerhonnert
  • D'Kierch vu 1789

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Loup-sur-Semouse – Biller, Videoen oder Audiodateien