Saint-Servan-sur-Mer

Vu Wikipedia
Vue op de fréieren Arsenal vun der Tour Solidor aus

Saint-Servan-sur-Mer ass eng fréier franséisch Gemeng, um rietsen Uwänner vun der Rance, am Departement Ille-et-Vilaine, déi 1967 mat Paramé a Saint-Malo fusionéiert huet.

Bis 1920 hat d'Gemeng Saint-Servan geheescht.

D'Uertschaft déi vum Cabillaudsfank a vum Schëffsbau gelieft huet, stouch géint 1850 an enger wirtschaftlecher Kris. Deemools si vill Leit wärend der Loterie des lingots d'or tëscht 1851 an 1853 a Kalifornien ausgewandert.

Am Zweete Weltkrich gouf Saint-Servan de 17. August 1944 vum Generol Patton sengen Truppen, no 13 Deeg Bombardement op de Fort de la Cité, eng al Vaubansfestung, déi vun der däitscher Arméi zolidd verstäerkt gi war, befreit. Saint-Servan läit um Trajet vun der Voie de la Liberté, 160 km vu Sainte-Mère-Église ewech, wou déi ufänkt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Tour Solidor
  • Aleth, mat de Reschter vun de gallo-réimesche Festungen.
  • De Matrousekierfecht Cimetière du Rosais laanscht d'Rance.

Leit déi zu Saint-Servan gebuer sinn[änneren | Quelltext änneren]

Saint-Servan compte parmi ses illustres personnages:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Servan – Biller, Videoen oder Audiodateien