Sakuski

Vu Wikipedia
Zakuski

Als Sakuski (закуски) bezeechent een op Russesch kal Hors-d'œuvren, Snacken, an Amuse-bouchen, déi virun enger Molzecht zerwéiert ginn. Dacks gi se am Stil vun engem Buffet presentéiert, mat Charcuterie, Fësch (absënns Hierken), agemaachtem Geméis (Essegkornischongen, Sauermous, Rout Rommelen, Auberginen), Schnittercher (och mat Kaviar), Piroggen oder Mayonnaise-Zaloten.

Sakuski hunn e grousse Stellewäert an der russescher an an der armeenescher Kichen, absënns bei Receptiounen, wou se da gemenkerhand an engem anere Raum wéi deem vun der Molzecht zerwéiert ginn.

A Restaurante fënnt een och alt emol eng waarm Entrée: eng mat Kéis iwwerbake Champignons-Julienne.