Russesch Kichen

Vu Wikipedia
Paangecher ("Bliny") mat roudem Kaviar
Pelmeni mat Schmant

D'Russesch Kichen zeechent sech duerch hir grouss Diversitéit aus, déi op déi immens grouss territorial Fläch vum Land an dem Mosaik vun de Kulturen aus där et zesummegesat ass zeréckgeet.

Si huet hiren Urspronk am Bauerekascht, deen am raue Klima dacks op Gromperen, Gefligel, Fësch, Champignonen, Bieren an Hunneg ugewise war. Käre bilden d'Grondlag vun enger Hellewull Brout, Paangecher (Bliny, Oladji), Deegposchen (Piroggen, Pelmeni, Tschebureki) a Gedrénks (Wodka, Béier). Zoppen an Ragouten sinn op déi saisonal disponibel Produiten opgebaut. Dësen einfache Kascht blouf fir déi grouss Majoritéit vun de Russen d'Haaptnierung bis wäit an d'20. Joerhonnert eran.

Den Adel an déi besser gestallte Leit dogéint hunn zanter dem 16-18. Joerhonnert versicht, méi raffinéierte Kascht a Kachtechniken ze kreéieren, dacks mat Hëllef vun deene beschte franséischen an éisträichesche Käch déi se an hiren Déngscht geruff hunn.

Eenzel Platen a Produite vun der russescher Kiche si weltbekannt, wéi zum Beispill Kaviar, Essegkornischongen, Wodka, Bœuf Stroganoff an Orloffbrot. Aner traditionell Platen sinn dogéint just an anere Staate vun der fréierer Sowjetunioun present, mä am Westen éischter seelen ze fannen, ausser a russesche Restauranten déi nom Fall vum Eisene Rideau opkoumen.

Sakuski[änneren | Quelltext änneren]

E festlecht Iesse fänkt a Russland ëmmer mat kalen Entréeën un, Sakuski genannt, déi dacks aus Mayonnaise-Zalote bestinn:

Zoppen[änneren | Quelltext änneren]

Haaptplaten[änneren | Quelltext änneren]

Desserten[änneren | Quelltext änneren]

En Téi-Samowar

Gedrénks[änneren | Quelltext änneren]

Gedronk gëtt absënns gréngen a schwaarzen Téi. Ganz beléift sinn och Kompot a Kwas. Beim alkoholesche Gedrénks fanne Béier (Baltika, Stary melnik, Jiguljowskoje, etc.), Wodka a Medowucha groussen Zousproch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Russesch Kichen – Biller, Videoen oder Audiodateien