Bœuf Stroganoff

Vu Wikipedia
Bœuf Stroganoff mat Räis

Bœuf Stroganoff (heiansdo och Gowjadina Stroganov genannt) ass e Ragout, deen ursprénglech aus der russescher Kiche kënnt mä haut weltwäit verbreet ass. E besteet aus Filetsspëtze vum Rand, an enger Zooss aus Ënnen oder Schalotten, saurer Rahm a Fleeschbritt.

Preparatioun[änneren | Quelltext änneren]

Apaart beim Bœuf Stroganoff ass, datt d'Fleesch a reng Sträife geschnidden an da ganz kuerz ganz gliddeg gebrode gëtt, soudatt et just baussen duerch awer bannen nach roseg ass. Duerno rascht d'Fleesch bis bal ganz zum Schluss.

An d'Zooss kënne jee no Rezept nach déi eng oder aner Ingrediente kommen nieft deenen aus der uewegenannter Basislëscht: Champignonen, sauer Kornischongen, Rout Rommelen, ëmmer reng geschnidden, Moschter, Paprika, Estragon, Esseg oder Zitrounejus, a Sherry, Cognac oder wäisse Wäin.

Schliisslech ginn d'Fleeschsträifen ënner d'Zooss gemëscht a kuerz dodra gewiermt, mä op kee Fall ze laang well soss gi se haart.

Zerwéiere kann een dëse Fleeschplat zesumme mat Räis, Gromperen (meeschtens als Püree, mä heiansdo och gekacht oder als Fritten), oder Deegwueren.

Originn vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Benannt ass en no der russescher Adelsfamill Stroganow. Op en awer wierklech vun engem Member vun där Famill oder sengem Kach erfonnt gouf oder just zougeschriwwe gouf ass net bekannt. Anekdotesch genannt ginn an deem Zesummenhank dacks de Pawel Stroganow (17. Jh.), de Grigorij Alexandrowitsch Stroganow (1774–1857), oder de Sergej Grigorjewitsch Stroganow (? - 1923).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bœuf Stroganoff – Biller, Videoen oder Audiodateien