Sami (Vollek)




D'Sami, oder Sámi, och nach Samen, Samit, oder Samek (sënngeméiss: „Leit déi an der Supp liewen“; vereelzt Lappen) bilden eng Volleksgrupp, am nërdlechen Deel vu Fennoskandinavien.
Et geet och dacks vu „Lappen“ rieds (an dovun ofgeleet „Lappland“ fir d'Land wou se liewen); dat kënnt vum schweedesche Wuert fir „Lompen“, als Erënnerung un d'Virfare vun de Sámi, déi fréier a Rendéierpelze gekleet waren. Well dës Bezeechnung pejorativ ass, gëtt se awer ëmmer manner gebraucht[1].
Hiert haitegt Siidlungsgebitt, Sápmi, erstreckt sech vun Idre an der Provënz Dalarna am Süden vu Schweden, iwwer déi nërdlech Deeler vu Schweden, Norwegen a Finnland, an am Oste bis un d'Küst vum Barentsmier an dem Wäisse Mier op der Kola-Hallefinsel, déi haut zu Russland gehéiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sami (Vollek) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Indigene Völker Europas. Die Sami: Bedrohte Kultur in Lappland, 1990. www.gfbv.it. Gekuckt den 22.04.2026.