Samsa

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kascht Samsa. Fir déi lëtzebuergesch Filmproduktiounsfirma, kuckt wgl. Samsa Film.
Usbeekesch Samsa
Indesch Samosa

Samsa oder Samosa ass eng Zort Paschtéit, déi meeschtens dräieckeg mä heiansdo och oval ass, a mat Gehaaktes (dacks Hämmelfleesch, mä och Rëndfleesch oder Poulet), gewierzte Gromperen, Ierbsen, Ënnen an/oder Lënse gefëllt gëtt. Et gëtt eng Abberzuel vu Rezepter vun dësem Kascht, dee wuel an Zentralasien respektiv am Indesche Subkontinent entstanen ass, mä hautdesdaags och a ganz Südasien, op der Arabescher Hallefinsel, am Mëttelmierraum, an Nord- a Südafrika an um Har vun Afrika beléift ass.

Den Deeg fir Samsa ass ni gesalzt, dacks ass et Bliederdeeg, soss einfache Broutdeeg.

An Zentralasien gëtt Samsa am Géigesaz zum Rescht vun der Welt ëmmer gebak an ni fritéiert. Nieft dem Fleesch kommen normalerweis just Ënnen dran, lokal och emol Gromperen oder Kéis, oder saisonal Kalbassen. Et ass do eng waarm Tëschemolzecht, déi a Stroossekiosken, op Maartstänn oder a klenge Cafée verkaaft gëtt, grad wéi Hamburger an den USA oder Pirojok a Russland.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Samsa a Samosa – Biller, Videoen oder Audiodateien