Samuel Doe

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Samuel Doe (lénks) mam amerikanesche Verdeedegungsminister Caspar W. Weinberger (1982)

De Samuel Kanyon Doe, gebuer de 6. Mee 1951[1] a gestuerwen den 9. September 1990, war den 21. President vu Liberia. Vun 1980 bis 1986 war hie Virsëtzende vum Militärregim "People's Redemption Council" a vun 1986 bis zu senger Ermuerdung 1990 den éischten indigene President vum Land, dat heescht deen net vun afro-amerikaneschen Immigranten ofgestaamt huet.

Den Doe war Member am ländleche Stamm Krahn aus dem liberianesche Banneland. D'Krahn-Vollek ass zwar eng Minoritéit, mä Deel vun der Majoritéit vun der indigener liberianescher Bevëlkerung, déi zanter der Grënnung vum Land 1847 politesch a wirtschaftlech vun der amerikanesch-liberianescher Elitt aus fräigeloossenen amerikanesche Sklaven an deenen hire Nokommen dominéiert gouf.

Ënner dem Doe senger Herrschaft huet sech Liberia zu engem Steierparadäis entwéckelt dat konsiderabel auslännesch Investitiounen ugezunn huet. Obwuel den Doe Ufanks nach vun enger grousser Ennerstëtzung duerch d'USA konnt profitéieren, huet den amerikanesche Support Mëtt der 1980er Jore staark nogelooss an hie selwer ass wéinst senger ondemokratescher, brutaler a korrupter Regierungsweis ëmmer méi onbeléift ginn, éier hien 1990 am Biergerkrich gefaangen, gefoltert a schliisslech ëmbruecht gouf.[2]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Doe ass am klengen Duerf Tuzan am Nord-Oste vu Liberia gebuer an am Alter vun 18 Joer an d'liberianesch Arméi agetrueden, wou hie sech bis zum Master Sergeant eropgeschafft huet. Säi Lycée huet hie per Korrespondenz ofgeschloss. Den 12. Abrëll 1980 huet hien e Militärputsch ugefouert, an deem de President William R. Tolbert, Jr. a 26 vu senge Supporter ëmbruecht gi sinn. D'Regierungsministeren huet hie plakesch duerch d'Haaptstad Monrovia lafen an duerno erschéisse gelooss. Zur gläicher Zäit huet den Doe eng Militärdiktatur agefouert.

De Putsch huet d'Enn vun 133 Joer amerikano-liberianescher Dominatioun markéiert. Vill Liberianer waren dem Coup dofir ufanks nach favorabel géintiwwer agestallt, well e Wiessel zu Gonschte vun der laang ausgeschlossener Majoritéit un agebuerenen Afrikaner erwaart ginn ass. Mä déi nei Regierung, déi sech People's Redemption Council genannt huet, hat keng politesch Erfarung a war schlecht op d'Landesféierung virbereet. Den Doe ass Staatschef ginn an huet d'Verfassung ausgesat, mä de Retour zur Zivilregierung fir 1985 versprach.

Während sengen éischte Regierungsjoren huet den Doe oppen déi US-amerikanesch Politik vum Kale Krich an Afrika ënnerstëtzt an ass souguer vum President Ronald Reagan and d'Wäisst Haus ageluede ginn. Trotz der Verschlechterung vun der politescher an der Mënscherechtslag a Liberia huet d'Land vun enger grousser politescher a militärescher Ënnerstëtzung duerch d'USA profitéiert.

Eng nei Verfassung, déi eng Méiparteierepublik agefouert huet, ass 1984 per Referendum ugeholl ginn. Am Juli ass den Doe zum President vun der Nationaler Iwwergangsassemblée gewielt ginn an huet d'Presidentewal am Oktober 1985 mat 51 % vun de Stëmme gewonnen. D'Wal war staark manipuléiert ginn; sou sinn zum Beispill d'Walziedele vum Doe sengen Ënnerstëtzer op enger geheimer Plaz gezielt a politesch Géigner eliminéiert ginn.

De Generol Thomas Quiwonkpa, ee vun de Leader vum 1980er Coup, huet am November 1985 probéiert, d'Muecht u sech ze rappen. De Putsch ass him awer net gelongen an hien ass dobäi ëmkomm. Dem Doe seng korrupt Regierung, an där Memberen aus sengem relativ klenge Stamm, de Krahn, eng grouss Roll haten, ass nom feelgeschloene Coup nach méi repressiv ginn. Zeitunge sinn zougemach ginn, politesch Aktivitéite verbueden a verschidden ethnesch Gruppen diskriminéiert ginn, wat zu Protester a Gewalt gefouert huet.

Als eng vun de Reaktiounen op dem Doe seng Herrschaft ass den Charles Taylor, a fréieren Alliéierte vum Doe, am Dezember 1989 vun der Elfebeeküst eriwwer a Liberia komm an huet e Guerillakrich géint de President ugefaangen. Den Taylor war aus engem Prisong an den USA ausgebrach, an deem hie wéinst Ënnerschloe vu Suen a Liberia op d'Ausliwwerung a säin Heemechtsland gewaart hat. Mëtt 1990 war de gréissten Deel vum Land ënner der Kontroll vu Rebellen. Den Doe ass den 9. September 1990 zu Monrovia vum Prince Y. Johnson, engem vun de Rebelleféierer, gefaange ginn. Hien huet den Doe folteren an ëmbrénge gelooss. E Video, deen ënner anerem weist, wéi dem Doe seng Oueren ofgeschnidde ginn während den Johnson nokuckt, ass ëm d'Welt gaangen.

Nom Doe sengem Doud ass de Biergerkrich am Land weidergaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Samuel Doe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. New York Times: Samuel Doe: 10-Year Reign In the Shadow of Brutality (11. September 1990, gekuckt de 14. Mäerz 2013)
  2. Kuerzbiographie op liberiapastandpresent.org (gekuckt de 14. Mäerz 2013)