Sato Shori
Ausgesinn
Sato Shori | |
---|---|
Gebuer |
30. Oktober 1996 Tokio |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger |
De Sato Shori (jap. 佐藤勝利), gebuer den 30. Oktober 1996 zu Tokyo, ass Sänger an der Boygroup Sexy Zone, déi zu der Museksagence Johnny & Associates gehéiert.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Den 30. Oktober 2010 krut hien e Kontrakt bei Johnny & Associates. Obwuel hien nach net laang an der Agence war, huet hie seng Carrière de 16. November 2011 mat Sexy Zone ugefaangen a krut an der Grupp d'Zentralpositioun an de Choreographien.[1]
Hie gouf als Schauspiller bekannt wéi en 2012 am TV-Drama Hungry an enger Nieweroll opgetrueden ass. Obwuel hien e bëssen Erfarung an der TV-Comedy Koisuru Ganbare-bu gesammelt hat, huet hien eréischt mam TV-Drama Hungry richteg debutéiert.[1] Am September 2013 krut hie seng éischt Haaptroll an der TV-Serie 49, déi vun NTV produzéiert gouf.[2]
Filmographie[3]
[änneren | Quelltext änneren]- 2012: Summer Nude (als Taniyama Shun - Nieweroll)
- 2012: Hungry! (als Okusu Sasuke - Nieweroll)
- 2013: 49 (als Dan Kagami - Haaptroll)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 http://www.oricon.co.jp/news/movie/2004128/full/?cat_id=tw
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 18.08.2014. Gekuckt de(n) 09.03.2014.
- ↑ http://mydramalist.com/actor/2090/sato-shori