Schabloun:Op engem 10. Dezember
Ausgesinn

- 1588: Gebuert vum Jean Grof vun Aldringen, Feldhär vun der kathoulescher Ligue.
- 1799: Frankräich féiert de Meter-System an.
- 1815: Déi brittesch Mathematikerin Ada Lovelace gëtt gebuer.
- 1822: De belsche Komponist César Franck kënnt op d'Welt.
- 1825: Éischt bekannt Publikatioun vun engem Gedicht op Lëtzebuergesch, am Luxemburger Wochenblatt.
- 1830: Gebuert vun der US-amerikanescher Dichterin Emily Dickinson.
- 1948: D'UNO hëlt d'Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter un.
- 2017: D'Tramslinn 1 vum neie Stater Tram, d'Garë Pafendall-Kierchbierg an Houwald an de Kierchbierger Funiculaire ginn a Betrib.