Schabloun:Op engem 10. Mee
Ausgesinn
- 1774: Doud vum Louis XV.; de Louis XVI. gëtt Kinnek vu Frankräich.
- 1871: Den Traité vu Frankfurt mécht dem Däitsch-Franséische Krich en Enn; Frankräich muss d'Elsass an Deeler vu Loutrengen oftrieden.
- 1899: Gebuert vum amerikanesche Schauspiller an Dänzer Fred Astaire.
- 1927: De lëtzebuergesche Politiker Marcel Mart kënnt op d'Welt.
- 1930: Den US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier George E. Smith gëtt gebuer.
- 1940: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, an d'Belsch an a Lëtzebuerg an; d'Grande-Duchesse Charlotte an d'Regierung ginn an den Exil.
- 1944: Gebuert vun der franséischer Schauspillerin a Regisseurin Marie-France Pisier.
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt President vu Südafrika.