Schabloun:Op engem 3. Abrëll
Ausgesinn
- 1347: De Kinnek vu Béimen, Karel IV., ordonéiert de Bau vun der "Neier Stad" zu Prag, dem gréissten urbanistesche Projet am Mëttelalter.
- 1796: De lëtzebuergesche Politiker an Historiker Jean Ulveling kënnt op d'Welt.
- 1919: An Éisträich gi per Gesetz den Adel, weltlech Uerden an eng sëllegen Titelen aus der Zäit vun der Monarchie ofgeschaaft.
- 1924: Den US-amerikanesche Schauspiller Marlon Brando gëtt gebuer.
- 1930: Gebuert vum däitsche Politiker Helmut Kohl.
- 1934: Déi brittesch Schimpansefuerscherin Jane Goodall kënnt op d'Welt.
- 1948: Den US-President Harry Truman ënnerschreift de Marshallplang fir Europa nees opzebauen.
- 1950: Doud vum däitsche Komponist Kurt Weill.