Schabloun:Op engem 6. August
Ausgesinn
- 1697: Gebuert vum Karl Albrecht vu Bayern, Kurfürst vu Bayern an als Karl VII. Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1806: De Franz II. verzicht op den Titel Keeser vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. Dëst hält no 844 Joer op z'existéieren.
- 1825: De Simón Bolívar erkläert d'Onofhängegkeet vu Bolivien.
- 1849: De lëtzebuergeschen Dominikanerpater Zephyrin Biever kënnt op d'Welt.
- 1868: De franséischen Dichter Paul Claudel gëtt gebuer.
- 1928: Gebuert vum US-amerikanesche Pop-Art-Kënschtler Andy Warhol.
- 1945: Fir d'éischt Kéier gëtt zu Hiroshima vun der amerikanescher Arméi eng Atombomm gehäit. 200.000 Mënsche stierwen doduerch.
- 1962: Jamaika gëtt onofhängeg.