Schabloun:WDS 2. Abrëll B
Ausgesinn

- ... den Abu Ali al-Hasan Ibn Al-Haitham (~965 - 1039) als Erfinder vun der Lupp gëllt?
- ... d'Osbourg-Haus zu Gréiwemaacher am 15. Joerhonnert als Zivilhospiz gebaut gouf, an dono als Wunneng fir Schoulschwësteren, Schoul, Stadbibliothéik a Museksschoul benotzt gouf?
- ... de leschte Kinnek vu Rumänien, no sengem Règne, an der Schwäiz als Ziichter vu Gefligel, Testpilot a Courtier op der Bourse säin Ënnerhalt verdéngt huet?
- ... der Ketty Thull hiert Kachbuch an 10 Oploen méi wéi 50 Joer laang erauskomm ass?
- ... Les Trois Mousquetaires vum Alexandre Dumas ursprénglech als Feuilleton an der Zeitung Le Siècle publizéiert gouf?