Schabloun:WDS 2. Oktober
Ausgesinn
- … d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
- ... d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
- ... d'N 3A mat nëmme knapps 50 m déi kierzt Nationalstrooss zu Lëtzebuerg ass?
- ... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?