Schabloun:WDS 2. Oktober B
Ausgesinn
- ... zu Wolz eng Plack un deen US-Zaldot erënnert, deen am Wanter 1944 als Kleesche verkleet, de Kanner kleng Kaddoe gemaach huet?
- ... op der Venus, anescht wéi bei den anere Planéite vu eisem Sonnesystem, d'Sonn am Westen opgeet an am Osten ënner?
- ... den Tour de France 1947 eng éischt Kéier zu Lëtzebuerg eng Etapp ageluecht huet, nämlech de 27. Juni am Vëlodrom um Belair?
- ... d'Signal de Botrange, deen héchste Punkt vun der Belsch, eréischt 1925 (mat den Ostkantonen) belsch gouf?
- ... de Guillaume Kroll an den 1920er-1930er Joren an der Stad um Belair an der Villa Leclerc e Laboratoire opgeriicht huet, fir metallurgesch Fuerschungen ze bedreiwen, ier en 1940 an d'USA ausgewandert ass?