Schabloun:WDS 4. Juni B
Ausgesinn
- ... et souwuel 1956 wéi 1973 de 25. November zu Lëtzebuerg verbuede war, mam Auto ze fueren?
- ... am Club des Cent Cols netprofessionell Vëlossportler opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Colle gefuer sinn?
- ... et de Summer 1976 duerch a Frankräich eng Stonn méi spéit war wéi zu Lëtzebuerg?
- ... de Battistero lateranense zu Roum de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter war?
- ... déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?