Schabloun:WDS 7. Abrëll B
Ausgesinn
- ... den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?
- ... de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?
- ... d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dunn awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Joren als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?
- ... d'Gare vun Herbesthal, déi 1843 opgoung, déi eelst europäesch Grenzgare war?
- ... d'Wopen iwwer dem Portal vum Hospice Saint-Jean am Gronn déi vum Kinnek Karel II. vu Spuenien, vum Herzogtum Lëtzebuerg a vum deemolege Gouverneur vu Lëtzebuerg, Philipp de Croy, sinn?