... eng 100 Millioune Joer laang bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger Landmass vereent war, déi Pangea genannt gëtt?
... Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
... ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?