Schabloun Diskussioun:Aktuell Buergermeeschteren zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Fir dass dës Schabloun hei net vergiess gëtt, misst se vläicht méi siichtbar gemaach ginn; et gesäit een nëmmen, wat dra steet, wann een op "Änneren" klickt.

An et gëtt och nach d'Lëscht vun den amtéierende Buergermeeschteren zu Lëtzebuerg déi all déi aktuell Buergermeeschteren uweist - souwäit déi jeweileg Schabloun vun enger bestëmmter Gemeng aktualiséiert ginn ass.


--Zinneke (Diskussioun) 10:22, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]


Ech si vläicht e bësselche lues, mä ech verstinn net wéi déi Schabloun soll funktionéieren a wéi se eis soll hëllefen Aarbecht spueren, ouni datt nach an de Gemengenartikele soll massiv ëmgebaut ginn. Wann ech d'Saach richteg verstinn aktualiséiert se sech och net automatesch. Oder hunn ech do eppes iwwersinn. Wa se sech soll automatesch am Artikel upassen d.h. un de Säitennum, dann ass se Menger Meenung no och nach falsch lemmatiséiert. Merci fir eng Erklärung? --Les Meloures (Diskussioun) 13:42, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech ginn zou datt et warscheinlech méi sënnvoll/néideg Schabloune ginn. Ech haat dat op däer englescher Wiki gesinn en:Template:Luxembourg_commune_mayor an hu fonnt, datt et vill méi iwwersiichtlech wier ewéi 105 eenzel Schablounen. Automatesch ass se net (ech weess jo réischt zanter e puer Stonne wéi daat Geschier funktionnéiert, kléngt awer interessant). Ech war mer wéi scho gesoot och net sécher, wéieng Bezeechnung méi langlebig ass. Méngetwegen kann di hei Schabloun awer och op den Tipp 158.64.105.58 15:35, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Anerersäits géif et d'Aarbecht enorm vereinfachen, fir déi auslännesch Wikien up to date ze halen (se misst da just un de System mat Gemengeschlësselen ugepasst ginn)Ech (Diskussioun) 10:13, 27. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]