Schabloun Diskussioun:Infobox Minister

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Aktivitétit"[Quelltext änneren]

Moien,

schéin a gutt, eege Këschte fir Ministern a Presidenten ze hunn, ma da sollt och ugewise ginn, wat fir Funktiounen se hunn oder haten, sou wéi dat bei der 'normaler' Infobox de Fall ass Wann dat net méiglech wier, giff ech proposéieren, déi heite Schabloun ewechzeloossen, well de Méiwäert vu bloe Sträifen géintiwwer eeneheetlechem Gro ass dach diskutabel. Besch Gréiss, Zinneke (Diskussioun) 10:08, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien déi Schabloun gëtt et zanter 2006 a gouf och reegelméisseg gebraucht. Firwat soll se lo net méi gutt sinn? Wat déi aner Schabloun ugeet (d'selwecht wéi bei dëser) kann een och soen, datt wa keen eppes an d'Wikidata asetzen an iwwersetze geet, déi och eidel bleift. Déi hei huet e puer Automatismen net, se huet awer sou wäit wéi ech gesinn all déi, déi déi aner och huet, just d'Supplemente misste manuell bäigesat ginn. Dofir bitt se awer méi Méiglechkeete fir d'Mandater anzesetzen. Et geet eeben net alles automatesch, dat ass mol ee Fakt. Bei anere Boxen wou et automatesch geet, do gëtt et net benotzt dat ass en zweete Fakt. Wat soll een hei maachen fir datt et jiddwerengem an de Krom passt?
sou wéi dat bei der 'normaler' Infobox de Fall ass
Ass dat wierklech de Fall? Ech mengen net? --Les Meloures (Diskussioun) 10:48, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]
PS. Si Verbesserungsproposen do? --Les Meloures (Diskussioun) 11:00, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech hu keng Anung vun der Technik derhannert, a keng Zäit dat ze diskutéieren. Ech wëll just soen, dass ëch de Sënn vun enger 'spezieller' Schabloun net agesinn (déi och nach laang net systeematesch am Gebrauch ass) wann et eng 'allgemeng' gëtt, déi méi - an a mengen Aen all déi néideg - Informatiounen ubitt, wann een s'asetzt. Net méi an net manner. --Zinneke (Diskussioun) 11:18, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]

Dat ass jo eeben d'Differenz, déi aner Infobox bitt keng Méiglechkeet déi verschidde Mandater a Virgänger an Nofollger anzesetzen, wat menger Meenung no besonnesch bei héijen a Laangzäitpolitiker wichteg ass. Oder ass dat an dengen Aen net wichteg. Mer kënnen d'Diskussion awer gär op de Stamminet setzen fir ze kucken wat aner Leit mengen. Et soll jo net nëmme vun onser Meenung ofhänken ob a wat soll geännert ginn a wien et soll maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:30, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]
Dann nach just eng supplementar Informatioun: Well d'Wikidata geduecht sinn, fir Informatiounen ze sammelen an net onbedingt fir se weiderzeleeden kann net ëmmer alles an den Infoboxen automatiséiert ginn. Dofir benotzen déi aner Wikien bei méiwäertegen Informatiounen an den Infoboxen dann och keng Automatisatioun. --Les Meloures (Diskussioun) 16:07, 23. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]