Op den Inhalt sprangen

Schabloun Diskussioun:WDS

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

WDS-Infrastruktur ëmbauen?

[Quelltext änneren]

Salut @Zinneke (am Follgenden „WDS-Expert“) a jiddereen,
beim momentane System vun de WDS-Schabloune gesinn ech de Problem, datt all Saz, deen am WDS optauche soll, exakt fënnefmol geschriwwe muss ginn an datt bei all klenger Verbesserung vun engem vun deene Sätz direkt fënnef Schablounen aktualiséiert musse ginn. Villäicht ass dat praktesch gesi kee sou ee grousse Problem, datt et déi follgend Maschinerie rechtfäerdegt, mee ech hat de Gedanken, d'Infrastruktur vun de WDS-Schablounen wéi folgt ëmzeänneren. Nämlech schwieft mer vir, d'Texter fir all Dag an eng grouss Schabloun (z. B. „WDS/Text“) ze paken, déi mat switch-Statements fir all Joresparitéit an all Dag am Joer ee Saz definéiert à la

{{#switch: {{{1}}}
  | 0 = {{#switch: {{{2}}}
    | 1-1 = d'Erfindung vum '''[[Timber]]''' et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
    | 1-2 = de '''[[Mathias Hardt]]''' (1809-1877) mat sengem ''Vocalismus der Sauermundart'' (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum [[Lëtzebuergesch]]e gemaach huet?
    | 1-3 = am Mäerz 2017 déi éischt '''[[Bréck iwwer den Oyapock|Bréck tëscht Frankräich a Brasilien]]''' ageweit gouf?
  ...
  }}
  | 1 = {{#switch: {{{2}}}
    | 1-1 = d''''[[Joan Fontaine]]''' an d''''[[Olivia de Havilland]]''' déi eenzeg Sëschtere sinn, déi allebéid en [[Academy Awards|Oscar]] fir dat bescht Schauspill an enger Haaptroll kruten?
  ...
}}

Also fir d'éischt 0 an 1 fir gerued an ongerued Joren an dann m-d fir Mount-Dag. D'selwecht fir Biller (z. B. „WDS/Biller“) à la

{{#switch: {{{1}}}
  | 0 = {{#switch: {{{2}}}
    | 1-1 = [[Fichier:Penny black.jpg|right|89px|One Penny Black]]
    | 1-2 = [[File:Mathias Hardt.jpg|right|100px|Mathias Hardt]]
    | 1-3 = [[Fichier:Pont SGO.jpg|90px|right]]
...

Da kéint een alles an eng eenzeg Schabloun (z. B. WDS) paken à la

{{WDS/Biller|{{#time: L}}|{{#time: n-j}}}}<!-- Bild fir haut -->
* … {{WDS/Text|{{#time: L}}|{{#time: n-j}}}}<!-- Saz fir haut -->
* … {{WDS/Text|{{#time: L}}|{{#time: n-j|-1 day}}}}<!-- Saz fir gëschter -->
* … {{WDS/Text|{{#time: L}}|{{#time: n-j|-2 day}}}}<!-- Saz fir virun 2 Deeg -->
* … {{WDS/Text|{{#time: L}}|{{#time: n-j|-3 day}}}}<!-- Saz fir virun 3 Deeg -->
* … {{WDS/Text|{{#time: L}}|{{#time: n-j|-4 day}}}}<!-- Saz fir virun 4 Deeg -->

an déi kéint een dann op d'Haaptsäit stellen. Den opmierksame Lieser freet sech natierlech elo: Wéi gëtt den Ëmstand berücksichtegt, datt d'Fettschreiwung nëmmen am jeeweils éischte Saz vun enger Fënnewergrupp soll applizéiert ginn? Mäin éischten an einfach ëmzesetzende Gedanke war, am WDS/Text schonn eng kleng parametriséiert Schabloun ronderëm de fettzeschreiwende Sazdeel ze paken, déi dann am WDS mol mat fett a mol ouni fett gespeist gëtt, mee dat liest sech schrecklech an ass mënschenonfrëndlech. Dohier ass mäin aktuellen a méi schwéier ëmzesetzenden (awer machbaren) Gedanken, e Lua-Modul ze schreiwen, wat d'MediaWiki-Parserfunktioun doQuotes (cf. Zeilen 1987-2161) souzesoen hannerzeg lafe léisst: D'Quotes am Wikitext gi genau sou interpretéiert, wéi dat vun der MediaWiki-Software gemaach gëtt, awer déi, déi als fett interpretéiert géifen, ginn ënnerdréckt. (Wéi jiddereen, dee schonn eng Zäitchen hei ënnerwee ass, weess, ass d'Interpretatioun vu Quotes leider net ëmmer eendeiteg... De geneigte Lieser ka sech jo mol ukucken, wat mat d'''Marie-Claire'' an d'''Marie-Paule'' gi spadséieren geschitt. Dohier ass et mer wichteg, d'Originalfunktioun sou genau wéi méiglech nozebauen, fir datt dat Modul net nëmme fir de virleienden an där Hisiicht triviale Fall, mee fir all Fall brauchbar wier. Lo awer Klammer zou!)

De Grond, firwat ech net „kéng“ sinn (wéi de Motto et seet) an dat einfach duerchzéien, mee fir d'éischt de „WDS-Expert“ am Speziellen a jiddereen am Allgemenge consultéieren, sinn déi follgend Froen:

  1. Ausgoend vun der aktueller Struktur vun de WDS-Schablounen, ass et iwwerhaapt méiglech se mat dëser uniformer Struktur ze reproduzéieren, oder gëtt et kleng Variatiounen (z. B. d'Plazéierung vu Biller, e klengen Extra hei an do...), déi a mäi Scheema net erapassen?
  2. Géif et de „WDS-Expert“ iwwerhaapt arrangéiere mat Texter an engem Format wéi WDS/Text ze schaffen? Oder ass dat ze onpraktesch?
  3. (Eng Fro méi allgemeng an de Raum gestallt:) D'Haaptsäit gëtt wuel am dacksten opgeruff: Gëtt et Grënn unzehuelen, datt d'Performance vun enger méi „dynamescher“ Schabloun, déi sech all Kéiers hiren Text an d'Biller nei zesummerafe geet a verschafft, par rapport zu enger statescher Schabloun eng onnëtz héich Laascht fir d'Serveren ass?

Merci fir Feedback. (Z. B. ob iwwerhaapt ee léisungswürdege Problem virläit, a wa jo, ob meng proposéiert Léisung d'Spur hält oder een d'Saach net vu Grond op méi einfach ugoe ka fir net all Saz fënnef mol schreiwen/änneren ze mussen.) --Volvox (Diskussioun) 23:07, 23. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]

Salut @Volvox an alleguer,
merci fir déi Iwwerleeungen a Propositiounen!
Well mer hei zu rose wéineg sinn, ass meg Prämiss nach ëmmer gewiescht, dass, wat mer als Struktur hei hunn, esou einfach wéi méiglech, sou mann opwänneg wéi méiglech an esou novollzéibar wéi méiglech soll sinn.
Am Fall vun de WDS-Schablounen ass d'Geschicht déi hei: Am Ufank stoungen d'WDS-Sätz op enger Säit, vu wou se fir +/- eng Woch op d'Haaptsäit kopéiert goufen. Wéi ech bis erausfonnt hat, dass ee Schablounen uleeë kann, déi mat enger "CURRENt WEEK"-Variable changéieren, a wéi bis eng 150 Sätz zesumme komm waren, hunn ech 52 där Schabloune mat 3 Sätz dra gezwafft. déi sinn iwwer e puer Joer am Wocherythmus gedréint an op 4, 5, da 6 Sätz ugewuess, déi vun enger Sammelsäit ("Spënnchen") bäigesat goufen. Mat 52 weidere waren der da genuch zesummen, fir der 365 ze hunn, deemno 1 fir all Dag. Wurops hin ech dann déi 365 Schablounen gebastelt hunn, wou all Kéiers uewen en neie Saz bäikënnt an ënnen een erausrëtscht.
Wéi d'Lëscht an der Spënnchen laang genuch war, sinn der virun knapps 2 Joer nach emol 365 bäikomm, déi ewell nom Scheema gruet Joer/ongruet Joer hin an hier wiesselen.
Souwäit, sou gutt. Dat ganzt leeft reibungslos, an et ass ganz sielen eppes drun z'änneren (emol en neit Bild, eng Zuel à jour, e Saz, deen aus verschiddene Grënn duerch en neien ersat soll ginn). An deem Fall muss dat effektiv a 5 Schabloune gännert ginn (+ an der laanger Lëscht mat alle Sätz.
Elo zu denger Fro: 1-2 Mol am Joer 5 Mol eng séier 'cut and paste'-Ännerung erschéngt mer als vill manner Aarbecht, wéi alles op d'Kopp ze geheien an duerch en anere Systeem z'ersetzen. Wat s du proposéiers, mécht vlät Sënn op enger grousser Wiki, wou all Dag en neie Saz bäikënnt. An eiser Wiki hunn ech mengem Emfannen no wierklech all Artikel ofgegraast ob do epppes dra stéing, wat dofir a Fro kéim. (Vill) méi wéi wat mer hunn ass do am Moment net dran. Et wäert Joren daueren, bis nees ee 'Joergang' Sätz bäikéim. Bis dohi klappt dat mam Roulement tëscht zwee Joergäng perfekt.
Verstéi mech net falsch: wat s du proposéiers, giff waarscheinlech och goen; et wiere vill Klengegkeeten, un déi ee misst denken, vu Schaltjoeren iwwer Nees-vu-vir-Ufänken, fett an net fett, Bild riets oder lénks, bis zu aneren Detailer, déi ee bei 5 Schablounen einfach adresséiere kann, ma déi soss eng héichkomplex Programmatioun viraussetzt géifen, wou just nach en Expert wéi s Du sech zuwee fanne géif.
Dofir: Loosse mer d'Saach einfach emol wéi s'ass. Eeeeventuell kinnt een dee Systeem, deen s de proposéiers, mutatis mutandis, op d' "Artikel vun der Woch"-Schablounen applizéieren: Do hu mer ewell 3 Joergäng, déi "manuell" um Enn vum Joer ëmgeschallt musse ginn, an do wier en Automatismus praktesch, och fir neier ënnerzebréngen. Vläit kinns de - ma nëmme wann s de Loscht hues - eng deementspriechend Propos maachen? Ma wann net, keen Drama, et geet och esou ...
Ma wéi gesot: Dat Wichtegst ass a bleift a mengen Aen, Inhalt hier op d'Wiki ze kréien, a mat de puer Männeken, déi mer hei sinn, sollt dat eis Prioritéit sinn.
Bescht Gréiss, Zinneke (Diskussioun) 19:20, 24. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi ausféierlech Reaktioun,
mäi Problem mam aktuelle System ass an éischter Linn, datt en zu Inkonsistenze féiere kann, well net garantéiert ass, datt jiddereen, deen eng kleng Korrektur an enger Schabloun:WDS Dag. Mount mécht, déi och an all deenen anere Schablounen + dem Haaptsäit/WDS-Archiv 365 mécht. Am Géigendeel: Een, deen net weess, wéi den aktuelle System funktionéiert, mécht déi Korrektur oder Ännerung just an enger Schabloun an huet guer kee Grond unzehuelen, datt et domat net gedoen ass, a geet da senger Wee.
Dat ass mir selwer eng Kéier geschitt, wou ech iwwer d'Wikipedia-Sich op e klenge Feeler an enger WDS-Schabloun gestouss sinn, deen ech natierlech direkt verbessert hunn. Kuerz drop mierken ech, datt dee selwechte Feeler am selwechte Saz nach eng Kéier an de Sichresultater optaucht. Also verbesseren ech en och do, wonnere mech doriwwer, genau dee selwechte Saz nach eng Kéier fonnt ze hunn, a mierken iergendwann, datt an de WDS-Schablounen eng Zort Roulement virzeleie schéngt. Da wullen ech weider a fannen eraus, datt de System ënner Haaptsäit/WDS erkläert ass; eng Plaz, déi net onbedéngt einfach ze fannen ass, wann ee vun enger Schabloun:WDS Dag. Mount ausgeet. Ech kann haut mol net méi soen, ob ech déi Verbesserung lo och am Haaptsäit/WDS-Archiv 365 gemaach hunn oder net...
Den aktuelle System féiert also iwwert d'Zäit zu Inkonsistenzen tëschent den eenzele Schablounen, et sief dann, et géif kee se ännere bis op déi puer Leit, déi scho wëssen, datt dat keng a sech selwer geschlosse Schabloune sinn, mee Deeler vun engem grousse Ganzen, op dat een vum Eenzeldeel ausgoend net higewise gëtt.
Dohier kënnt meng Propositioun de System ze änneren.
Mir hätte mam neie System net nëmmen déi uewe genannte Gefor aus der Welt geschaf, well näischt méi hin- an hirkopéiert misst ginn, mee et géif och eng zentral Schabloun geschaf ginn (z. B. Schabloun:WDS), an där hirer Dokumentatioun alles erkläert steet. Also alles, wat den normale Benotzer wësse muss, fir d'Inhalter ze verbesseren oder z'erweideren, awer och alles, wat de technesche Benotzer wësse muss, fir de System ze verstoen a veränneren ze kënnen.[1]
Zur Komplexitéit vu menger Propositioun: Warscheinlech hunn ech se net gutt erkläert, mee sou komplex ass se net.
Schabloun:WDS/Text wier einfach just eng Lëscht vu Sätz, opgelëscht no Mount-Dag an no gerued/ongerued Joer. D'selwecht fir d'Biller. Iwwer Schaltjoeren an Nees-vu-vir-Ufänken muss ee sech net vill Gedanke maachen, well dat alles an der Parser-Funktioun #time gereegelt ass. Där seet een einfach, datt se déi aktuell Zäit soll huelen, eng gewëssen Zäit erop- oder erofrechne soll (z. B. - 4 Deeg) an a wat fir engem Format een d'Zäit herno wëll hunn (z. B. n-j fir just de Mount an den Dag oder Y fir d'Joer). D'Resultat vun #time ass dann de Schlëssel fir eise Saz an eist Bild sichen ze goen.
Fett-formatéierten Text net-fett ze kréien ass schwéier. Mee dat wier een Exercice, deen ech eemol misst maachen an da wiere mer fir ëmmer roueg.[2]
Deen eenzege potenziell kritesche Punkt, deen a mengen Ae bleift, ass deen, datt mäi proposéierte System et méi schwéier mécht Ännerungen um Format vun engem eenzelen Dag ze maachen, well d'Format eemol fir all Deeg definéiert gëtt.[3] Op där anerer Säit gesinn ech dat awer net onbedéngt als Nodeel un, well d'Haaptsäit menger Meenung no all Dag d'selwecht strukturéiert soll sinn, just mat potenziell aneren Inhalter; dat ass d'„Gesiicht“ vun eiser Säit, do sollen d'Besicher wëssen, wat se z'erwaarden hunn an net all Dag mat engem aneren Ausgesinn iwwerrascht ginn.
Fazit
Mäi proposéierte System ass net allze komplizéiert opzezéien a virun allem gëtt d'Problematik vum Roulement an der Schabloun traitéiert, sou datt den normale Benotzer sech op den Inhalt vun der Rubrik „Wosst Dir schonns datt...“ konzentréiere kann, ouni sech mussen de Kapp driwwer ze zerbriechen, wou ee wat iwwerall hikopéiere muss. Doduerch gëtt och d'Hürd fir manner kënneg Benotzer méi niddreg, fir zu där Rubrik bäizedroen.
  1. Ech erlabe mer hei eng kleng allgemeng Bemierkung: Historesch goufen op der lb.wikipedia dacks Schablounen a Moduler vun anere Wikien heihi kopéiert an et gouf meeschtens keng Dokumentatioun geschriwwen (och fir Schablounen/Moduler, déi hei entstane) sinn. Dat sinn déi eigentlech Grënn, firwat mer zu just e puer Leit hei heiansdo Problemer hunn, eis Infrastruktur an der Rei ze halen (oder iwwerhaapt mol ze verstoen). D'Léisung dofir ass awer net, alles einfach beim Alen ze halen, mee Schablounen a Moduler vu baussen z'adaptéieren op eis Bedürfnisser (oder se direkt selwer ze schreiwen) a gutt ze dokumentéieren. Wa mer dee Wee ginn, brauche mer näischt ze fäerten; weder datt mer technesch vereelzen, nach datt mer mat lauter Neierungen net méi eens ginn.
  2. Et sief dann, MediaWiki géif op eemol d'Aart a Weis änneren, wéi se d'Zeechen ' fir Fett- a Kursivschreiwung interpretéieren. Mee dann hätte mer ganz aner Problemer, well da bal all Artikel misst ugepasst ginn...
  3. Natierlech ass et ëmmer nach méiglech an d'Schabloun eng Klausel ze setzen à la „Wann haut de Super-Extra-Dag ass, maach net dat Üblecht, mee dat follgend: ...“, mee wann een ze vill Ausnamen definéiere géif, wier iergendwann den Ëmstand, datt een eng Schabloun dofir benotzt, witzlos.
--Volvox (Diskussioun) 15:57, 1. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien nach eng Kéier, a merci fir déi Explikatiounen!
Ech gesinn, du bass am Gaang deen uewe beschriwwene Systeem ze testen. Ech géif awer nach gär e puer grondsätzlech Froe beschwätzen:
        • Dass et Schabloune fir grued an ongrued Joere gëtt, heescht net, datt dee Roulement an Zukunft anescht ka sinn (Grond dass dat elo esou ass, ass wéi gesot, dass just genuch Sätz fir 2 Joer - 2 x 365 - bis ewell zesummekomm sinn). Wéi maache mer et, wann en 3. Joergang bis komplett ass? Géif et dofir och e méiglechen Automatismus? A muss iwwerhaapt e ganzt Joer komplett sinn? Oder géif et och mat enger eenzeger Lëscht goen, déi einfach ganz duerchleeft an dann nees vir ufänkt, woubäi an deenen 2 Joer an e puer Méint, wou dat geschitt, ëmmer nees nei Sätz ënne bäikomme kinnten, déi dann au fur et à mesure gewise kinnte ginn? (Falls jo, wier da just ee klenge Probleem mat deene puer Deeg, wou de Saz op den Dag genee passt (z.B. den "28. Februar A" wou de Saz sech op den 30. Februar bezitt, oder de "6. Juni A", wou et ëm den Debarquement geet).) A bei enger eenzeger, laanger Lëscht déi sech iwwer e puer Joer zitt, wier et da warscheinlech schwéier, dee Saz erëmzefannen, deen deen dag ugewise gëtt, am Fall, do willt een eppes drun änneren.
        • Da wier et gutt, laangfristeg och en Archiv fir "Ausrangéiert Sätz" virzegesinn, fir dass och bannent dem Roulement net ëmmer nees dat selwecht kënnt, an dofir verschidde Sätz aussortéiert kinnte ginn, oder well s'aus iergend engem Grond net méi 'passen'.
        • Has de gekuckt bei anere Wikien, wéi déi dat maachen? déi grouss hu jo ëmmer nees nei Sätz (bei Milliounen Artickelen ass et net schwéier, all Dag een neien ze fannen); ma méi klenger missten och mat Widderhuelunge schaffen, op d'mannst iwwer eng gewëss Period. Vläit gëtt et do eng Äntwert op meng fro zu "Wéi maache mer et mat méi wéi just 730 Sätz?"
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 10:43, 8. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]
An deem, wat ech elo testweis ëmgesat hunn, hunn ech nach e puer Saache geännert par rapport zum Beschriwwenen: Ech hunn d'Biller an d'Texter vum selwechten Dag beienee gesat (wann déi an zwou verschiddene Lëschte stinn, ass dat net benotzerfrëndlech; wat beieneen ugewise gëtt, soll menger Meenung no och an där selwechter Lëscht an och do beienee stoen) an ech wollt net all d'Joren an eng Lëscht paken, mee eng pro Joer maachen à la Schabloun:WDS Joer 0 (soss gëtt et einfach ze laang an oniwwersiichtlech) an der Hoffnung, datt et dann net ze schwéier ass, ee Saz, deen een ännere wëll, ze änneren (mat Ctrl + F an dem Datum oder engem kopéierte Sazdeel warscheinlech am einfachsten).
Am Kader vun dësem System ass et ganz einfach nei Jore bäizesetzen: Wa mer z. B. bei dräi Jore sinn, einfach eng Schabloun:WDS Joer 3 opmaachen an am Schabloun:WDS-Test all mod 2 duerch mod 3 ersetzen et voilà; d'selwecht fir all weidert Joer, do gëtt et keng Limitt. Soulaang mer also ëmmer nëmme komplett Jore bäisetzen hu mer keng Suergen.
Wa mer awer wëlle partiell Joren derbäisetzen, resp. an deem Fall éischter: ee Roulement, dat net u Kalennerdeeg gebonnen ass, da muss de System geännert ginn. Do weess ech op den éischte Gedanken net, wéi een dat am beschte maache géif (well een net méi einfach den aktuellen Datum als „Anker“ fir den Text benotze kéint, mee iergendwéi anescht de Suivi maache misst, wou ee grad an der Lëscht drun ass). En plus hänkt dat da vun der Fro of, wéi genau ee mat neie Sätz ëmgeet: Wa mer, soe mer, 800 Sätz hunn an et kënnt een 801. derbäi, mee mir affichéiere grad de 70., waarde mer dann den normale Roulement of bis mer bei 801 si fir deen neie Saz op d'Haaptsäit ze setzen, oder wéilte mer nei Sätz prioritär behandelen, datt se éischter op d'Haaptsäit kommen?
Hunn ech dat richteg verstanen, datt déi „Ausrangéiert Sätz“ als eng einfach Lëscht gemengt ass fir kënne Sätz jee no Bedarf an den aktive Roulement ophuelen a rëm eraushuelen ze kënnen, fir e bëssen Ofwiesslung ze kréien?
Wat d'Fro ugeet, wéi et op anere Wikie gemaach gëtt, hunn ech bis elo graff geschwat just zwee Usätz fonnt:
  • Nei Sätz gi manuell zesummegestallt an no Diskussiounskonsens op Waardelëschte gesat, déi da vun engem Bot an d'Haaptschabloun, déi op der Haaptsäit ugewise gëtt, gesat. Dobäi gëtt et kee Roulement an alles ass „frësch“.
  • Et gëtt ee Roulement, mee just an deem Sënn, datt reegelméisseg (all Dag, all Woch...) een neie „Block“ vu Sätz ugewise gëtt, awer net datt et ee Roulement vun de Sätz innerhalb vum Block gëtt. Dat ass meeschtens sou ëmgesat, wéi et momentan bei eis ass (deelweis awer och alles manuell à jour gehalen), just eben ouni Iwwerschneidung am Inhalt tëscht den Deeg.
Fazit: Wa mer bei datumsgebonnenem Roulement mat komplette Jore bleiwen, kann den aktuell proposéierte System dat ouni Modifikatioun ëmsetzen. Wa mer een „oppene“ Roulement wëllen hunn, daacht den aktuellen Usaz dofir net vill an ech froe mech, ob et an deem Fall net besser wier ee Modul oder Bot ze schreiwe fir déi néideg Flexibilitéit ze hunn.
--Volvox (Diskussioun) 13:30, 8. Dez. 2024 (UTC)[äntweren]