Schierbelen (Roman)

Vu Wikipedia

Schierbelen ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Georges Kieffer, deen 1998 bei den Éditions Phi erauskoum.

Beim Concours littéraire national 1997 huet de Kieffer fir Schierbelen, wat säin éischte Roman war, ex aequo mam Georges Hausemer den 1. Präis gewonnen.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

De Roman erzielt d'Libesgeschicht tëscht dem Jérôme, dee keng Aarbecht huet, an dem Lisa, dat an der Nationalbibliothéik schafft. Mee no an no gëtt se iwwerlagert vun der Geschicht vu engem Schrëftsteller, deen e Roman mam Titel Schierbelen schreift...[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges Kieffer: Schierbelen, Iechternach, Éditions Phi, Nr 361. ISBN 3-88865- 163-8.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tom Reisen: "Débris et miroirs: Rencontre avec Georges Kieffer à l'occasion de la sortie de «Schierbelen», son premier roman." d'Lëtzebuerger Land 08.05.1998, S.15.