Schlass vu Ciergnon

Vu Wikipedia
Schlass vu Ciergnon
Land Belsch
Gemeng Ciergnon
Koordinaten 50°9'58,00"N, 5°6'29,02"O
Architekt(en) Alphonse Balat
Datum vum Bau 1842
Proprietär Donation royale
Genannt no Ciergnon
Afaart fir bei d'Schlass

D'kinneklecht Schlass vu Ciergnon (op franséisch: Château Royal de Ciergnon an op hollännesch: Koninklijk kasteel van Ciergnon) ass d'Summerresidenz vun der belscher Kinneksfamill a vum Kinnek Albert II. Et läit bei Ciergnon an der Gemeng Houyet an der Provënz Namouer. D'Schlass gehéiert zu den Immobilien déi dem Kinnek iwwert d'Donation royale zur Verfügung stinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Lännereie goufen 1840 vum Kinnek Leopold I. kaaft an hien huet no de Pläng vum Architekt Henri Joseph Duvinage e Juegdhaischen opriichte gelooss.

Duerno huet de Kinnek Leopold II. säin Architekt Alphonse Balat gefrot fir d'Juegdhaischen zerguttst ëmzebauen, ier et méi spéit an e richteg Schlass ëmgebaut gouf. Zanter dunn ass et d'Summerresidenz vum Kinnek.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château de Ciergnon – Biller, Videoen oder Audiodateien