Op den Inhalt sprangen

Schlassbësch (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Schlassbësch
Typ Bësch, archeologesch Plaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Adress Schlassbësch
Koordinaten 49°27'51,998"N, 5°59'1,000"O
Statut Klasséiert Monument

De Schlassbësch ass e Bësch an der Gemeng Esch-Uelzecht, um Doggerplateau südwestlech vum Escher Heenzebierg, eng 3 km südlech vum Zentrum vun Esch an eng 1,8 km nordëstlech vun Däitsch-Oth. E läit op enger Héicht vu 406 m. an huet eng Fläch vu ronn 58 Hektar.

Den Numm geet zeréck op eng mëttelalterlech Buerg, déi do op engem Virsprong stoung, vun där awer, ausser dem Flouernumm, näischt méi iwwreg ass.[1]

Et gëtt weeder Hiweiser drop, wien d'Häre vun där Buerg waren, nach wéini se opgeriicht gouf. Schonns um Enn vum 18. Joerhonnert, op der Ferraris-Kaart, ass näischt méi agedroen, wat op eng Ruin oder Gemaiers hiweise kéint.

Uganks vum 20. Joerhonnert, an dann nees 1982 goufe Sondagë gemaach, fir d'Plaz vun der Buerg ze lokaliséieren. LIDAR-Opname vun 2019 hunn et dunn erméiglecht, de Standuert genee festzestellen.

D'Schlassanlag huet aus enger rechteckeger Baussemauer bestanen, vun 43 × 67 Meter Längt, an där en 30 × 50 Meter grousst Buerggebai stoung. Am Südost-Eck stoung e ronnen Tuerm vun op d'mannst 8 Meter Duerchmiesser. Am Nordost-Eck stoung e 15 × 9 Meter grousst Gebai.

Den archeologesche Site vum Schlassbësch gouf den 2. Juni 2021 als nationaalt Kulturierwe klasséiert.[2]

  • Theisen, J.P. Beiträge zur Geschichte des Stadt Esch an der Alzette, Kremer-Müller, 1937, S.332.
  • Zimmer, J., Die Burgen des Luxemburger Landes Band II, 19. Esch-sur-Alzette, S.67-68.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Ministère de la Culture, Commission des sites et monuments nationaux (« COSIMO »): Avis favorable pour un classement en tant que monument national vum 15. Juli 2020 (nogekuckt: 19.02.2024.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).