Schnéimännchen (Skulptur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E klassesche Schnéimännchen
Schnéimännchen, video
e Schnéimännchen an Däitschland

E Schnéimännchen ass eng Skulptur aus kompriméiertem Schnéi, déi ausgesäit wéi e Mënsch.

Meeschtens besteet e Schnéimännchen aus dräi ënnerschiddlech grousse Schnéiklatzen, déi openeegetässelt ginn. Déi zwou ënnescht Kugele stellen de Romp duer an déi iewescht de Kapp. D'Gesiicht besteet traditionell aus zwéi Steng oder zwee Kuelestécker als Aen, enger Muert als Nues an engem Aascht oder enger Rei klenger Steng als Mond. Dacks gëtt e Schnéimännchen och ugedo mat engem Schal, enger Mutz oder engem Eemer als Hutt. Heiansdo kritt de Schnéimännchen nach Äerm, entweeder aus Schnéi oder aus Äscht, a jeenodeems kann en och eppes am Grapp hunn.

Schnéimännercher gëtt et an alle Gréissten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schnéimännercher – Biller, Videoen oder Audiodateien