Scoville-Skala

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Punkten op der Scoville-Skala ginn d'Schäerft vun de Friichte vun der Paprikaplanz un.

1912 huet den US-amerikanesche Pharmakolog Wilbur L. Scoville eng Method entwéckelt, fir mat Hëllef vun engem Test, dem Scoville Organoleptic Test, d'Schäerft ze bestëmmen. De Wäert ass ofhängeg vum Capsaicin, deen an der gedréchenter Fruucht ass. De Capsaicin, en Alkaloid, reizt d'Schmäerzrezeptore vun der Schläimhaut an deet sou, datt een d'Schäerft fillt.

Einfach ausgedréckt: de Scoville-Wäert dréckt aus wéi vill Milliliter Waasser ee brauch, fir de Capsaicin ze verdënnen, bis datt een en net méi schmaacht.

Zwee Beispiller: Paprika huet op der Scoville-Skala e Wäert vun 0-10, Tabasco 2500-5000.