Seabourn Cruise Line

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Seabourn Spirit am Sydney Cove
Seabourn Quest am Hafe vu Sète

Seabourn Cruise Line ass eng Croisière-Linn an der héijer Luxus-Class. D'Linn mécht Croisière ronderëm d'Welt, mat enger Dauer vu siwe bis iwwer 100 Deeg. Si gehéiert der Carnival Corporation a gëtt vun hir zesumme mat Cunard geréiert. Si ass een Deel vum Grupp vu Croisièren, déi ënner dem Numm "World's Leading Cruise Lines" ugebueden a vermaart ginn. Zu där Grupp gehéieren: Holland America Line, Princess Cruises, Carnival Cruises, Cunard Line, Costa Crociere, Windstar Cruises an och natierlech Seabourn.

Hir Schëffer si bekannt ënner dem Numm Yachts of Seabourn a si kleng genuch fir vill exotesch Plazen an Häfen ze besichen. Hir Kabinne ginn alleguer als Suitë bezeechent a sinn aussergewéinlech gutt ekipéiert (Radio,TV, DVD-Player asw.). Am Berlitz Guide for Cruising ginn hir Schëffer mat 5 Stären-Plus bewäert, eng Bewäertung, déi nëmmen e puer Schëffer erreechen.

Seabourn gouf 1986 als Filial vun der gigantescher norwegescher Reederei Kloster Cruise gegrënnt. Hiert éischt Schëff, mat den aneren alleguer baugläich, war d'Seabourn Pride, dat 1988 an Déngscht gestallt gouf. D'identesch Seabourn Spirit huet dunn 1989 hir éischt Croisière gemaach. Dat drëtt scho bestallt identescht Schëff, dat 1990 seng Aktivitéite starte sollt, konnt wéinst finanzielle Schwieregkeeten net vu Klosters iwwerholl ginn, a gouf dunn 1992 un d'Royal Viking Line ënner dem Numm Royal Wiking Queen weidergereecht. Nodeem sech d'Eegentumsverhältnesser vun Schëff zwëschenduerch weider geännert haten, koum et 1995 ënner dem Numm Seabourn Legend erëm zeréck an de Besëtz vun der Seabourn Line, déi domat dräi Schëffer hat, déi sech wéi een Ee deem anere geglach hunn.

No der Faillite vu Kloster Cruise am Joer 1996, huet Carnival Corporation, d'Controll vun der Seabourn Cruise Line iwwerholl.

D'Flott[änneren | Quelltext änneren]

Numm Baujoer Tonnage Besatzung Kabinnen Bauwerft Status
Seabourn Pride[1] 1988 9.975 BRZ 164 104 Schichau Seebeckwerft AG, Bremerhaven zanter 1988 am Reedereidéngscht, 2007 renovéiert, vun 2014 un ënner dem Numm Star Pride bei Windstar Cruises
Seabourn Spirit[2] 1989 9.975 BRZ 164 104 Schichau Seebeckwerft AG, Bremerhaven zanter 1989 am Reedereidéngscht, 2007 renovéiert, vun 2015 un ënner dem Numm Star Spirit bei Windstar Cruises
Seabourn Legend[3] 1992 9.975 BRZ 164 104 Schichau Seebeckwerft AG, Bremerhaven zanter 1993 am Reedereidéngscht, 2008 renovéiert, vun 2015 un ënner dem Numm Star Legend' bei Windstar Cruises
Seabourn Odyssey[4] 2009 32.346 BRZ 330 225 T. Mariotti S.p.A., Genua an Déngscht
Seabourn Sojourn[5] 2010 32.346 BRZ 330 225 T. Mariotti S.p.A., Genua an Déngscht
Seabourn Quest 2011 32.346 BRZ 330 225 T. Mariotti S.p.A., Genua an Déngscht

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seabourn Cruise Line – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Date vun der "Seabourn Pride" op Det Norske Veritas, ofgeruff den 10. Mäerz 2010
  2. Date vun der "Seabourn Spirit" op Det Norske Veritas, ofgeruff den 10. Mäerz 2010
  3. Date vun der "Seabourn Legend" op Det Norske Veritas, ofgeruff den 10. Mäerz 2010
  4. Date vun der "Seabourn Odyssey" op Det Norske Veritas, ofgeruff den 10. Mäerz 2010
  5. Date vun der "Seabourn Sojourn" op Det Norske Veritas, ofgeruff den 12. Juli 2010