Seabourn Spirit
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Seabourn Spirit | ||
|---|---|---|
| Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | ||
| Schëffstyp: | Passagéierschëff | |
| Asaz: | Croisièren | |
| Kategorie: | 5+-Stären | |
| Gréisst: | 9.975 BRT | |
| Maschinnen: | 4 Dieselmotoren (Nomo-Bergen) | |
| Leeschtung: | 7.280 kW | |
| Längt (i. W.): | 133,81 m | |
| Breet (i. W.): | 19 m | |
| Déifgang: | 5,20 m | |
| Vitess: | 19,3 Kniet | |
| Passagéierkapazitéit: | 208 | |
| Equipage: | 164 | |
| Baujoer: | 1989 | |
| Bauwerft: | Schichau Seebeckwerft Bremerhaven | |
| Zodiac: | 4 | |
| Tender (50 Sëtzplazen): | 2 | |
| Kabinnen: | 204 | |
| Registréiert: | Bahamas | |
| Hafen doheem: | Nassau | |
| Bordsprooch/Wärung: | Englesch/US$ | |
| Haaptrestaurant: | 1+ 1 | |
| Baren: | 3 | |
| Swimmingpoolen: | 1 | |
| Whirlpoolen: | 3 | |
| Quell: | www.seabourn.com | |
DSeabourn Spirit ass, nieft der Seabourn Pride an der Seabourn Legend, eent vun den dräi baugläiche Luxus-Schëffer vun der Seabourn Cruise Line, mat deenen déi Reederei Croisièrë mécht.
Piratenattack op d'Seabourn Spirit
[änneren | Quelltext änneren]
D'Schëff gouf bekannt wéinst engem Ugrëff vu Pirate virun der Küst vu Somalia de 5. November 2005. D'Schëff gouf vun zwee klenge Booter mat ongeféier 12 Piraten u Bord ugegraff. Si hate Mitrailletten (AK-47) a Rakéitegranaten, eng Zort Panzerfausten, dobäi. Eng Granat huet d'Schëff getraff, an e Member vum Equipage gouf dobäi liicht verwonnt.
D'Seabourn Spirit huet sech mat Long Range Acoustic Device LRAD[1] géint den Ugrëff gewiert a konnt am Zickzackkurs op oppent Mier entkommen. Uschléissend ass den US-Zerstéierer USS Gonzalez (DDG-66) zu Hëllef komm a seng Sprengstoffexperte konnten d'Granat, déi net explodéiert war, sécherstellen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Seabourn Spirit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Seabourn Cruise Line
- Bewäertung vu Croisièresschëffer
- Postkaarten vu Croisièreschëffer