Seabourn Spirit
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Seabourn Spirit Seabourn Pride Seabourn Legend | ||
---|---|---|
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | ||
Schëffstyp: | Passagéierschëff | |
Asaz: | Croisièren | |
Kategorie: | 5+-Stären | |
Gréisst: | 9.975 BRT | |
Maschinnen: | 4 Dieselmotoren (Nomo-Bergen) | |
Leeschtung: | 7.280 kW | |
Längt (i. W.): | 133,81 m | |
Breet (i. W.): | 19 m | |
Déifgang: | 5,20 m | |
Vitess: | 19,3 Kniet | |
Passagéierkapazitéit: | 208 | |
Equipage: | 164 | |
Baujoer: | 1989 | |
Bauwerft: | Schichau Seebeckwerft Bremerhaven | |
Zodiac: | 4 | |
Tender (50 Sëtzplazen): | 2 | |
Kabinnen: | 204 | |
Registréiert: | Bahamas | |
Hafen doheem: | Nassau | |
Bordsprooch/Wärung: | Englesch/US$ | |
Haaptrestaurant: | 1+ 1 | |
Baren: | 3 | |
Swimmingpoolen: | 1 | |
Whirlpools: | 3 | |
Quell: | www.seabourn.com |
De Seabourn Spirit ass, nieft dem Seabourn Pride an der Seabourn Legend, eent vun den dräi baugläiche Luxus-Schëffer vun der Seabourn Cruise Line, mat deenen dëse Reeder Croisièren duerchféiert.
Piratenattack op d'Seabourn Spirit
[änneren | Quelltext änneren]Bekannt gouf d'Schëff duerch en Ugrëff vu Pirate virun der Küst vu Somalia de 5. November 2005. D'Schëff gouf vun zwee klenge Booter mat ongeféier 12 Piraten u Bord ugegraff. Si hate Mitrailletten (AK-47) a Rakéitegranaten, eng Zort Panzerfausten, dobäi. Eng Granat huet d'Schëff getraff, an e Member vum Equipage gouf dobäi liicht verwonnt.
D'Seabourn Spirit huet sech per Long Range Acoustic Device LRAD[1] geint den Ugrëff gewiert a konnt am Zickzackkurs a Richtung offent Mier entkommen. Uschléissend ass den US-Zerstéierer USS Gonzalez (DDG-66) zu Hëllef komm a seng Sprengstoffexperte konnten d'Granat, déi net explodéiert war, sécherstellen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Seabourn Spirit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Seabourn Cruise Line
- Bewäertung vu Croisièresschëffer
- Postkaarten vu Croisièreschëffer