Seegelen (Sport)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Seegelen als Sportaart. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Seegelen (Homonymie).
Seegelen (Sport)
Typ Seegelen, Waassersport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1900, ausser 1904
Federatioun
International Weltseegelfederatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise des sociétés d'aviron
Ursprong
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Waassergefier, Seegel


Seegelen oder Regattaseegelen ass e kompetitive Sport, bei deem eng virdru bestëmmt Streck vun zwéin (Match Race) oder méi (Fleet Race) Seegelbooter zur selwechter Zäit befuer gëtt. D'Dauer vun enger Kompetitioun variéiert a ka vu manner wéi eng Stonn bis zu Méint bei Héichséiregattaen (z. B. The Ocean Race) daueren. Bannent enger Regatta gi gemenkerhand e puer Coursë gefuer; déi eenzel Resultater ginn no enger virgeschriwwener Prozedur zesummegefaasst fir esou de Gewënner ze bestëmmen. All Regatta gëtt no de Reegele vu World Sailing, dem Daachverband vun alle Seegelsportverbänn, organiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt international Seegelregattaen (Kompetitioune fir Booter) ginn op 1851 zeréck, wéi verschidde Membere vum New Yorker Yacht Club en 101-Fouss-Schoner mam Numm „America“ gebaut huet. D'Schëff ass bis an England geseegelt, wou et an enger Course ëm d'Insel Wight matgefuer an eng Trophee, d'Hundred Guineas Cup gewonnen huet. D'Trophée gouf duerno an America's Cup ëmgenannt an ass nach ëmmer eng vun de begiertsten Auszeechnungen am Seegelsport an den eelsten internationale Sportsconcours vun der Welt.

De Concours ass duerno och op aner Booter ausgeweit ginn, fir sech der stänneger Weiderentwécklung an dem Fortschrëtt am Bootsdesign an der Technologie unzepassen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

De Seegelsport ënnerläit engem eenheetleche Reegelen déi vu World Sailing, der Weltseegelfederatioun, festgeluecht ginn. D'olympesch Regattae ginn haut mat Booter gefuer, déi a verschidde Klassen agedeelt sinn, op Basis vun änleche Gewiichter an Dimensiounen.

Wärend den America's Cup am sougenannte Match Race-Format gefuer gëtt, also ee Boot géint en anert, ass déi klassesch Form vun de meeschte Kompetitiounen d'Fleet Race, wou vill Booter ëm déi bescht Positioun kämpfen. Bei béide Forme mussen d'Ekippen hiert Bescht gi fir engersäits Beréierungen ze verhënneren an anersäits d'Booter déi Virfaart hunn, laanscht ze loossen.

Seegele bei den Olympesche Spiller[änneren | Quelltext änneren]

D'Seegele gouf fir d'éischt bei den Olympesche Spiller vun 1900 zu Paräis als Olympesche Sport ausgedroen, nodeems d'Kompetitioun véier Joer virdrun, bei den éischte Spiller vun der Neizäit (1896 zu Athen) wéinst dem schlechte Wieder ausgefall war. Zanterhier ass de Seegelsport mat Ausnam vun 1904 bei alle Spiller vertrueden.

Am Joer 1900 hunn d'Fraen zesumme mat de Männer gekämpft a bei de Spiller vun 1988 zu Seoul gouf den éischte Concours nëmme fir Fraen agefouert.

Am Laf vun de Joren hunn hunn d'Booter déi benotzt goufen e puermol g'ännert. D'Kitesurfen ass bei de Spiller vun 2024 zu Paräis fir d'éischt derbäi.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Summerspiller 2024 zu Paräis sinn zwou gemëscht Kompetitiounen (470er-Zweemannboot an Nacra 17-Katamaran) grad ewéi véier Coursë pro Geschlecht virgesinn, sou datt am ganzen 10 Concoursen ofgehale ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seegelen (Sport) – Biller, Videoen oder Audiodateien