Sektor Gasa

Vu Wikipedia

Sektor gasa, ru. Сектор газа, ass eng russesch Punkgrupp vu Woronesch, déi 1987 vum Bandleader Juri Nikolajewitsch Klinskich, genannt "Choi" gegrënnt gouf. Den Numm ass eng Uspillung op eng Industriezon zu Woronesch déi am Geck no der Gazasträif a Palestina benannt gouf, woubäi den Numm op Russesch wéi "Gaskummer" kléngt.

D'Band[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem Klinskich selwer huet d'Besetzung vun der Grupp stänneg geännert:

  • Juri "Choi" Klinskich - Gesank, Texter a Musek - 1987-2000
  • Oleg Kryutschkow - Drumset - 1988-1990
  • Igor "Kuschtsch" Kuschtschew - Gittar - 1989-1991
  • Semjon Titijewskij - Bassgittar - 1988-1991
  • Sergej Tupikin - Gittar, Bassgittar - 1989-1992
  • Alexej Uschtschakow - Keyboard - 1989-1995
  • Alexander Jakuschtschew - Drumset - 1989-1998
  • Tatjana Fatejewa - Gesank - 1990-1993
  • Wladimir Lobanow - Gittar (just bei Concerten) - 1991-1992
  • Igor "Egor" Schirnow - Gittar (just op Albumen) 1991-2000
  • Witalij Sutschkov - Bassgittar (just bei Concerten) - 1993
  • Wadim Gluchow - Gittar (just bei Concerten) - 1993-2000
  • Irina Puchonina - Gesank (just op Albumen) - 1994, 1996
  • Igor "Kot" Anikejew - Keyboard - 1995-2000
  • Wasilij Tschernych - Gittar (just bei Concerten) - 1995-1997
  • Elbrus Tscherkesow - Bassgittar (just op Albumen) - 1997
  • Valerij Podsorow - Bassgittar - 1997-1998
  • Veronika Nekiforowa - Gesank (just op Albumen) - 1998
  • Wasilij Dronow - Bassgittar (just op Albumen) - 2000

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Enn der 1980er Joren huet de Fabréckaarbechter Klinskich mat e puer Kolleegen ënner dem Numm "Sektor Gasa" ugefaangen a klenge Rockclibb ze spillen. Hir experimentell Punkmusek ass gutt beim Public ukomm a gläich drop si se iwwer d'Grenze vu Woronesch eraus bekannt ginn. Vun de Massemedie goufe se awer trotz hirem Erfolleg komplett ignoréiert, wat och iergendwéi verständlech war, well egal op hir Lidder elo vu Politik oder Zombien a Vampire gehandelt hunn oder Interpretatioune vu russesche Vollekslidder oder Rockballade waren - d'Texter ware fir gewéinlech extreem vulgär.

Am Alter vun nëmme 36 Joer ass de Klinskich un engem Häerzinfarkt gestuerwen, wat d'Enn vu senger Grupp bedeit huet. Et gouf zwar nach de Versuch vu verschiddene Bandmemberen ënner dem Numm "Ex Sektor Gasa", méi spéit "Woronesch", e Revival ze starten, mä déi Grupp ass ni sou bekannt gi wéi d'Original.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1989 – 1. Album – Сектор газа (Gaskummer), (remastered 1993,1997)
  • 1989 – 2. Album – Колхозный панк (Punk aus der Kolchos), (remastered 1991)
  • 1990 – 3. Album – Зловещие мертвецы (Freechlesch Läichen)
  • 1990 – 4. Album – Ядрёна вошь (Gäil Laus)
  • 1991 – 5. Album – Ночь перед Рождеством (Spéit op Hellegowend)
  • 1992 – 6. Album – Гуляй, мужик! (Looss dech goen, Mann!)
  • 1993 – 7. Album – Нажми на газ (Gëff Gas)
  • 1994 – 8. Album – Танцы после порева (Dänz nom Gäisselen)
  • 1994 – 9. Album – Кащей Бессмертный (Kaschtschej, den Onstierflechen) – Punk-Oper aus ëmgetextete Coverversiounen
  • 1996 – 10. Album – Газовая атака (Gasugrëff) – eenzegen Album ouni Obszönitéiten
  • 1997 – 11. Album – Наркологический университет миллионов (Narkologesch Universitéit vun de Milliounen)
  • 2000 – 12. Album – Восставший из ада (Zeréckkomm aus der Häll) – ass eréischt e puer Wochen nom Doud vum Klinskich erauskomm

Aner Opnamen:

  • Album ouni Numm – inoffiziell Concertsopnam (Bootleg)
  • Избранное I (Best of I)
  • Избранное II (Best of II)
  • Коллекциа – Albumen 1-11 mat all Kéier engem Techno-Remix vum A. Brjanzew (DJ Krot) als Bonustrack
  • Стёб-хаус remix '99 – inoffiziell Sammlung vun den Techno-Remixen op enger CD
  • Extasy – weider Techno-Remixe vum DJ Krot
  • Баллады – roueg Rockballaden, haaptsächlech aus dem Album 10

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]