Sergei Wassiljewitsch Awdejew

Vu Wikipedia
Sergei Wassiljewitsch Awdejew
Gebuer 1. Januar 1956
Nationalitéit Russland, Sowjetunioun
Aktivitéit Ingenieur, Astronaut
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Sergei Wassiljewitsch Awdejew gebuer den 1. Januar 1956 zu Tschapajewsk, Oblast Kuibyschew, Russesch SFSR, ass e fréiere russesche Kosmonaut.

Den Awdejew ass bestuet an huet zwee Kanner. Seng Interessie leie bei Kärphysik a Sport. Hien ass ausserdeem Radioamateur a säi Ruffzeechen ass RV3DW.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Den Awdejew huet um Moskauer Physik-Ingenieur-Institut 1979 graduéiert a gouf Ingenieur-Physiker. Vun 1979 bis 1987 schafft hien als Ingenieur fir RKK Energija. Hie gouf als Kosmonaut als Deel vun der Energija-Ingenieur-Grupp 9 de 26. Mäerz 1987 ausgewielt. Seng Grondausbildung krut hie vun Dezember 1987 bis Juli 1989. De 14. Februar 2003 ass hien aus der aktiver Lafbunn ausgetrueden.

Raumflich[änneren | Quelltext änneren]

De Sergei Awdejew hat eng gewëssen Zäit de Rekord fir déi längst am Weltraum verbruechten Zäit mat 747,59 Deeg. Déi Zomm krut hie mat dräi Expeditiounen op der russescher Raumstatioun Mir zesummen. Hien huet d'Äerd 11.968 Mol ëmkreest an huet dobäi eng Streck vun ongeféier 515.000.000 km zeréckgeluecht. Eréischt am August 2005 gouf dëse Rekord vum Sergei Krikaljow gebrach.

Interessanterweis louchen dem Awdejew seng Gebuertsdeeg ëmmer an der Zäit vu sengen dräi Raumflich. Hien ass domat dee Kosmonaut, deen déi meescht Gebuertsdeeg am Weltraum feiere konnt.

Baussebordaktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sergei Awdejew – Biller, Videoen oder Audiodateien