Servigny-lès-Sainte-Barbe

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Servigny-lès-Sainte-Barbe
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Pays messin
Postcode 57640
Gemengecode 57649
Koordinaten 49° 09’ 00’’ N
      06° 16’ 37’’ O
Fläch  309 ha
Bevëlkerung  453 (1999)

Servigny-lès-Sainte-Barbe ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft läit um Haut Chemin am Nordoste vu Frankräich tëscht dem breeden Dall vun der Woëvre an dem loutrengesche Plateau, an engem Hank laanscht d'Departementsstrooss 3. Ronderëm d'Uertschaft ass fräi Gewan, op där haaptsächlech Geméis gezillt gëtt. Just am Norden an am Süden leien op enger Distanz vu ronn 1 km e puer kleng Bëscher.

D'Uerschaft ass bekannt wéinst der Schluecht vu Servigny am August a September 1870, bei där sech den Offizéier Paul Gaspard de Brem duerch säi Courage d'Éierelegioun verdéngt hat.

Fréier huet d'Duerf der Abtei Saint-Symphorien gehéiert.

Um Territoire vun der Gemeng ass d'Südportal vum Tunnel vu Failly deen zu der fréierer Eisebunnslinn Metz-Vigy-Anzeling gehéiert huet. D'Nordportal ass um Terrtoire vun der Gemeng Failly. Eng Parti vun där Streck gëtt haut op 12 km vun der Association Lorraine d'Exploitation et de Modélisme Ferroviaire am Dall vun der Canner als Chemin de fer touristique de la Vallée de la Canner exploitéiert.

Kuckt och[Quelltext änneren]