Sextans (Stärebild)
Date vum Stärebild Sextans | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Sextant |
Laténgeschen Numm | Sextans |
Laténgesche Geenitiv | Sextantis |
Laténgesch Ofkierzung | Sex
|
Rektaszensioun | 9h 41m bis 10h 52m |
Deklinatioun | +6° 30’ bis -11° 40’ |
Fläch | 314 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 78° Nord bis 83° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Sextantis, 4,49m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzärensënn) |
Leo Hydra Crater |
De Sextans ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Sextans ass en onschäinbaart Stärebild, dat um Nuetshimmel kaum z'erkennen ass. Nëmmen ee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 5. Gréissteklass. De Sextans läit tëscht dem markante Leo (Léiw) an der laang gestreckter Hydra (Waasserschlaang).
Am Sextants sinn en ettlech Galaxien.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild gouf am Joer 1690 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Et soll de Sextant duerstellen, mat deem hien d'Stärepositioune vermooss huet.
Virum Hevelius hat de Pater Antoine de Rheita 1643 d'Stäre vun där Himmelsregioun zum Schweessduch Christi zesummegefaasst. Dësen Numm konnt sech awer net duerchsetzen.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 15 | 4,49 | 287 | A0 III | |
γ | 8 | 5,05 | 262 | A2 V | |
β | 30 | 5,09 | 345 | B6 V | |
δ | 29 | 5,21 | 300 | B9.5 V | |
ε | 22 | 5,24m | 183 | F2 III | |
18 | 5,65 | ||||
19 | 5,77 | ||||
35 | 5,79 | ||||
41 | 5,79 | ||||
17 | 5,91 | ||||
25 | SS | 5,97v | |||
6 | 6,01 | ||||
7 | 6,02 | ||||
14 | 6,21 | ||||
4 | 6,24 | ||||
33 | 6,26 | ||||
36 | 6,28 | ||||
26 | 6,33 | ||||
37 | 6,38 | ||||
13 | 6,45 | ||||
27 | 6,55 | ||||
34 | 6,57 | ||||
40 | 6,61 | ||||
23 | RS | 6,66v | |||
12 | 6,70 | ||||
9 | 6,72 | ||||
21 | 6,97 | ||||
31 | 6,98 | ||||
20 | 7,37 |
Den hellste Stär am Sextans ass den α Sextantis, hien ass 287 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et handelt sech ëm ee Stär, dee blowäiss liicht, a gehéiert zu der Spektralklass A0 III. Seng Uewerflächentemperatur ass 15.000° Celsius.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
γ | 5,6 / 6,1 | 0,6" |
35 | 6,1 / 7,2 | 6,8" |
Den γ Sextantis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 262 Liichtjoer. Déi béid Komponente si Stären, déi blo-wäiss liichten a gehéieren zu de Spektralklassen A1 an A4. Hire klenge Wénkelofstand miesst nëmmen 0,6 Bousekonnen.
D'System 35 Sextantis läit 800 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stären, déi orange liichten an zu de Spektralklasse K3 a K0 gehéieren.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Objet | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
β | α2 Canis Venaticorum-Stär |
De β Sextantis läit 345 Liichtjoer vun eis ewech an ass e verännerleche Stär vum Typ α2 Canis Venaticorum.
Messier (M) | NGC | aner | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
3115 | 9,1 | Galaxie | Spëndelgalaxie | ||
3156 | 12,4 | Galaxie | |||
3165 | 13,9 | Galaxie | |||
3166 | 10,4 | Galaxie | |||
3169 | 10,2 | Galaxie |
Den NGC 3115 ass eng Galaxie, déi op der Kant läit a 25 Millioune Liichtjoer wäit ewech ass, d. h., mir gesinn d'Galaxie vun der Säit.
D'Galaxien NGC 3156, NGC 3165, NGC 3166 an NGC 3169 maachen eng Grupp vu Galaxien op enger Distanz vu 60 Millioune Liichtjoer. D'Galaxien NGC 3166 an NGC 3169 si nëmme ronn 50.000 Liichtjoer vuneneen ewech. Wéinst der Gravitatiounwierkung beaflosse si sech géigesäiteg an hire Strukturen.
Well d'Galaxiëgrupp relativ wäit ewech ass an domat liichtschwaach ass, brauch ee fir eng Observatioun e groussen Teleskop.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sextans – Biller, Videoen oder Audiodateien |