Simancas

Vu Wikipedia
Simancas
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft
Kastilien-León
Provënz Valladolid
Awunner 5.493 (2023)
Fläch 42,53 km²
Koordinaten 41°35'26"N, 4°49'37"W
Postcode 47130
Websäit http://www.aytosimancas.es


Simancas ass eng Stad an der spuenescher Provenz Valladolid a läit um Floss Pisuerga.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Ëmgéigend vun Simancas fanne sech Spueren vu Griewer aus der Jongstäinzäit. D'Stad gouf vun de Réimer ënnert dem Numm Septimanca gegrënnt. D'Zitadell vun Simancas war an de Joren 934 an 939 bei der Schluecht vu Simancas vu Mauren a Chrëschten ëmkämpft.


Haut ass ënner anerem nach eng bemierkenswäert mëttelalterlech Bréck do ze gesinn.

Kinneklecht Spuenescht Generalarchiv[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1563 gouf d'Zitadell op Uerder vum Felipe II. erneiert. Zënterhier ass an der d'Zitadell dat Kinneklecht Spuenescht Generalarchiv mat den Dokumenter vun der spuenescher Aussepolitik vum 15. bis 18. Joerhonnert (= d'Zäit vum Ancien Régime). Och wéinst de Bibliothéiken iwwer de Karel V. an de Felipe II., gëllt dëst Archiv net nëmme fir Hispanisten als eent vun de wichtegsten an Europa.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

All Joer erënnert den 1. August e Schauspill un déi mëttelalterlech Legend vum Tribut vun den Honnert Jongfraen.