Simon Wright

Vu Wikipedia
Simon Wright
Gebuer 19. Juni 1963
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Batteur

De Simon Wright (* 19. Juni 1963 Manchester, Groussbritannien) ass e brittesche Museker. Hie war vun 1983 bis 1990 Percussionist bei der australescher Hardrock-Band AC/DC.

De Simon gouf dem Phill Rudd säin Nofollger. Hie gouf ënner Honnerte vu Percussionisten ausgewielt nodeem e sech op en Artikel am "Drummer wanted" am Melody Maker gemellt huet. Säin Tourdebüt hat hien op der Flick of the Switch-Tour, déi vun Oktober bis Dezember 1983 duerch d'USA gefuer ass.

Ufank 1990 ass hie vun AC/DC fortgaangen, a gouf direkt bei Dio als Percussionist agesat. D'Band gouf awer kuerz drop vum Ronnie James Dio opgeléist.

Spéider ass de Simon e Member vun der US-amerikanescher Band Rhino Bucket ginn, déi e vergläichbare Stil wéi AC/DC huet. En hat awer keng Chnace, well och déi Band huet sech kuerz Zäit drop opgeléist.

Dunn ass hie bei UFO als Percussionist agestallt ginn.

A senger Fräizäit spillt de Simon gär Darts.

Bands[änneren | Quelltext änneren]

Discographie aus der Zäit mat AC/DC[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985: Fly on the Wall
  • 1986: Who Made Who
  • 1988: Blow Up Your Video

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Simon Wright – Biller, Videoen oder Audiodateien