Op den Inhalt sprangen

Simone Theis

Vu Wikipedia
Simone Theis
Gebuer 7. September 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 181 cm
Gewiicht 68 kg
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1960

D'Simone Theis, gebuer de 7. September 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[1] Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden.[2]

D'Simone Theis huet mat 16 Joer mam Schwammen ugefaangen a gouf séier eng vun de beschte Lëtzebuerger Schwëmmerinnen an alle Stiler, ausser am Papillon. Dat hat awer och domat ze dinn, datt d'Dammen deemools quasi nëmme Brasse geschwomme sinn. De Louis Deny, Trainer beim Swimming Lëtzebuerg (SCL), konnt d'Simone Theis awer iwwerzeegen, och aner Stiler ze schwammen. Besonnesch gutt Resultater hat si duerno am Réckschwammen.

D'Simone Theis huet tëscht 1957 an 1961 follgend national Rekorder verbessert:

  • Nage libre iwwer 100  m, 200  m, 400  m, 800  m a 1.500  m
  • Brasse iwwer 100  m an 200  m
  • Réck iwwer 100  m an 200  m.

Ier si 1960 op den Olympesche Spiller zu Roum matgemaach huet, hat si nach ni an engem 50 m Baseng trainéiert. Zu Roum koum si am 100  m-Réck an der Serie ënner 30 Konkurrentinnen aus 19 Natiounen op d'Plaz 8 (1'21''9) a gouf domat eliminéiert.

No den Olympesche Spiller war si Trainerin beim SCL. Si ass hiert lescht nationaalt Championnat 1963 geschwommen.

Tëscht 1977 an 1983 hat d'Simone Theis eng privat Schwammschoul zu Dummeldeng an duerno, bis 1990, e Fitnessstudio. Vun 1993 bis 2011 war si Monitrice fir Seniorenturnen bei der Stater Gemeng.

D'Simone Theis ass mam Guy Folscheid bestuet[3] a Mamm vun zwee Meedercher. Hir Schwëster Viviane war och Schwëmmerin[4].

  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 94-95. ISBN 978-2-9599734-5-1

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Simone Theis op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Simone Theis op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. (fr)NAISSANCES. Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 286/287, p. 25. (12.10.1968). Gekuckt de(n) 16.07.2024.
  4. (de)Die Geschwister Theis mit neuen Landesrekorden. 114. Jg., n° 171, p. 9. Luxemburger Wort (20.06.1961). Gekuckt de(n) 16.07.2024.