Siwe Schwësteren (Moskau)

Moskauer Héichhaiser: 1 - Lomonossow-Universitéit, 2 - Hotel Ukraina, 3 - Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz, 4 - Ausseministère, 5 - Palast vun de Sowjets (net gebaut), 6 - Héichhaus zu Sarjadje (net gebaut), 7 - Hotel Leningradskaja, 8 - Administratiouns-/Wunnhaus bei der Rouder Paart, 9 - Wunnhaus un der Kotelnitscheskaja-Uwännerstrooss
D'Siwe Schwëstere si siwen Héichhaiser zu Moskau, déi am Optrag vum Stalin am Zockerbäckerstil gebaut goufen. Am russesche Sproochgebrauch ass d'Bezeechnung Stalin-Héichhaiser am geleefegsten (Сталинские высотки).
Si goufen Enn der 1940er uganks der 1950er Joren an der leschter Dekad vun der Stalinherrschaft erbaut. Ursprénglech sollten et aacht Héichhaiser ginn, fir déi aachthonnert Joer vun der Haaptstad ze symboliséieren (1147-1947), mä schlussendlech goufen der just siwe verwierklecht.
Déi Moskauer Stalin-Héichhaiser hate Virbildwierkung, absënns fir d'Architektur vun den 1950er Joren an den deemolegen Ostblock-Staaten.
Gebaier[änneren | Quelltext änneren]
- Haaptgebai vun der Lomonossow-Universitéit
- Hotel Ukraina
- Wunnhaus op der Kotelnitscheskaja-Uwännerstrooss
- Gebai vum russeschen Ausseministère
- Gebai vum russesche Schwéierindustrieministère (Haus un der Rouder Paart)
- Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz
- Hotel Leningradskaja
- Héichhaus zu Sarjadje (net gebaut)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Siwe Schwësteren – Biller, Videoen oder Audiodateien |